Agenda - Coming up

Formations
17.12 - 21.04 2016

Formation Brevet C (Animateur)

Localité : Marjaashaff
Prix : 200€

Du samedi 17 décembre 2016
Au vendredi 21 avril 2017

Type : Formations

Beim Brevet C ginn et verschieden Konditiounen dei e muss erfëllen:Am Besëtz vum Brevet B (Aide-animateur) sinn, 4 Formatiounsweekender maachen, 1 Formatiounswoch maachen (4 Deeg) an 1 Kolonie maachen (8 Deeg) Den Formatiounsinhalt ass folgenden: 17.-18. Dezember 2016: Themen an der Kolonie Hei léiers du wéi een aus enger Kolonie eng spannend Schatzsich oder en onvergiesslechen Adventuretrip ka maachen. Heizou gehéiert och dass d ‘Geschicht sech wéi e roude Fuedem duerch dei ganz Kolonie zitt. 07.-08. Januar 2017: Problemer am Grupp Konflikter vermeiden a léisen, Regelen opstellen an der Situatioun upassen. Déi verschidde Rollen am Grupp sinn Inhalter vun dësem Weekend. 11.-12. Februar 2017: Sécherheet an der Kolonie Dëse Weekend baséiert um Weekend ”Plooschteren a Blooderen” aus dem Brevet B an et ginn Situatiounen an engem realistesche Kader duergestallt, z.B. en Accident am Bësch, op der Spillplaz… 03.-05. Mäerz 2017: Integratiounsweekend Mat der Zesummenaarbecht vun engem Grupp mat Behënnerte Kanner gestallten mir en spannenden an léierräichen Weekend. Hei geet et drëm sech un die verschidden Bedierfnisser kennen unzepassen an d ‘Aktivitéiten ofzestemmen. 18.-21. Abrëll 2017: Formatiounswoch 2 An dëser Formatiounswoch gi vill verschidden Aspekter vun der Kanner - a Jugend Betreiung duerchgeholl, z.B. d ‘Besoine vu Kanner a Jugendlechen, Kommunikatioun, Gruppendynamik a villes méi wat engem op enger Kolonie weiderhëlleft.

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus