Agenda - Coming up

Formations
17.12 - 21.04 2016

Formatioun Brevet B (Aide Animateur)

Localité : Marjaashaff
Prix : 200€

Du samedi 17 décembre 2016
Au vendredi 21 avril 2017

Type : Formations

Beim Brevet B muss en verschieden Konditiounen erfëllen:Op mannst 16 Joer hunn, 4 Formatiounsweekender maachen, 1 Formatiounswoch maachen (5 Deeg) an 1 Kolonie maachen (8 Deeg). Den Programm ass folgenden: 17.-18. Dezember 2016 : Animateur: Wat? Wéi? Wou? Hei kriss du en éischten Abléck iwwert Young Caritas, an en Iwwerbléck iwwert d’Koloniesliewen an d’Animateurspflichten. 07.-08. Januar 2017: Kreatiivt Bastelen Altersgerecht Atelieren ubidden, Ideeën an Alternativen kennen. Bastelen a kreativ schaffen ass net nëmmen fir Kanner interessant. 11.-12. Februar 2017: Spillen an animéieren En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Hei kriss du gewise wéi et geet. 04.-05. Mäerz 2017: Plooschteren a Bloderen (1. Hëllef) Richteg reagéieren ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer an kriss Tipps an Tricks mat deenen du herno richteg handelen kanns. 17.-21. Abrëll 2017: Formatiounswoch 1 An dëser Formatiounswoch geet et drëm wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehal? Wourop muss een oppasse wann ee Gruppe Spiller an Aktivitéiten fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert?

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus