Agenda - Coming up

Young Caritas divers
22.04 - 23.04 2017

op Besuch bei den Gamma Scouten

Localité : Kuelbecherhaff

Du samedi 22 avril 2017
Au dimanche 23 avril 2017

Type : Young Caritas divers

Op den Treffen vun den Gamma Scouten sinn Kanner an Jugendlecher mat enger Behënnerung. Jidder Benevol deen Loscht huet, kann si op dësen Weekender ënnerstëtzen. Keng Angscht, dat ass guer net esou schwéier: wéi bei all Scoutstrupp gëtt zesummen gelaacht, gespillt, gebastelt an gesongen ... _______________________________________________________________________________________________________________________________________ Ee mol am Joer gëtt en Formatiouns-Weekend fir eis Bénévol vum Brevet C zesummen mat den Gamma-Sacouten gemat. Dat hei ass awer een regulären Scouts-Weekend. Du muss des Formatioun also nach net gemat hunn an Du muss och keng Erfahrung an dësem Beräich hunn. Am Virfeld kanns Du dech bei Young Caritas renseignéieren an och umellen. Um Weekend selwer sinn Cheffen vun den Gamma-Scouten do fir all deng Froen. _______________________________________________________________________________________________________________________________________ Méi Informatiounen fënns Du och op eisem Site. Dat ass een Artikel vun Young Caritas verëffentlecht an der Scoutszeitung: den platte Knuet: http://www.youngcaritas.lu/fr/stay-tuned/blog/article/2017/04/gamma-scouten-und-young-caritas An hei ass hiren Site: https://gamma-scouten.jimdo.com/kontakt/ _______________________________________________________________________________________________________________________________________ Nach Froen? Schreif mir op oder direkt den Scouts-Cheffen: oder Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus