Agenda - Coming up

Bénévolat Solidaire
25.11 2017

Grousse Lancement vum Projet "Newcomer"

Localité : Ecole privée Ste.Anne, Ettelbruck

samedi 25 novembre 2017

Type : Bénévolat Solidaire

Zesumme mam SNJ a mat "elisabeth" starte mer ee mega flotte grousse Projet: 20 Jonker vu Lëtzebuerg a 20 jonk Flüchtlinge treffen sech, léieren sech kennen a bilden kleng Gruppen, fir gemeinsam eng Idee ze realiséieren. Dat ka bal alles sinn: een Theaterstëck erfannen, ee Graffiti molen, een Ausfluch organiséieren, ee Lidd schreiwen, ee Futtballsmatch virbereeden,... 

De grousse Lancement ass samschdes, de 25.November, vun 11h bis 14h zu Ettelbrëck an der Ecole privée Ste.Anne (108, Grand-Rue, 9051 Ettelbruck). Mir iessen do zu Mëtteg. Do fannen sech och déi kleng Gruppen. Dono treffen sech déi Gruppen sou oft, wéi se wëllen. Si schaffen un hirer Idee. Hir Idee soll prätt sinn fir eist grousst Ofschloss-Fest de Samschden, 9.Juni 2018. 

Tëscht dem 25.November an dem 9.Juni treffen sech awer net nëmmen déi kleng Gruppen, mee ginn et och nach 2 grouss Aktiounsdeeg, wou mer eis all eremgesinn an zesumme feieren, pooteren an austauschen: samschdes 20.Januar an samschdes 10.Mäerz.

Wat iech dat Ganzt brëngt? Nei Frëndschaften, cool Ideeën, eng super Dynamik a vill Spaass! Et kascht näischt, ausser e bëssen Zäit a vill Häerz. Dir sitt härzlech wëllkomm. Schreift iech an an dir kritt nach weider Infos. Merci villmols!

Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus