Agenda - Coming up

Formations
09.12 - 10.12 2017

Formation Brevet D (Animateur Brevet Spillmobil)

Prix : 25€

Du samedi 09 décembre 2017
Au dimanche 10 décembre 2017

Type : Formations

Fir ween ass des Formatioun? Des Formatioun riicht sech explizit un Leit, déi selwer wëllen Aktivitéiten vum Spillmobil op Been setzen, plangen, organiséieren an léieren Responsabel ze ginn. Fir op engem fäerdeg geplangtenen Engagement an der Équipe matzeschaffen, ass des Formatioun net néideg. Hei kann jiddereen matmaachen an dat och ouni eng Formatioun!

Wat sinn Viraussetzungen heifir? Du interesséiers dech fir d‘ Aktivitéiten vum Spillmobil? Du encadréiers regelméisseg Aktivitéiten an engem sozialen Tätegkeetsfeld (z.B.: Fräizäitgestaltung fir Kanner an Jugendlecher, Vakanzenaktivitéiten, Betreiung vun Mënschen mat Behënnerung, Flüchtlingsfoyer, eeler Leit ...) an wëlls eng Spillmobilaktivitéit an dësen Cader entwéckelen? Viraussetzung fir des Formatioun ass vill Erfahrung am Schaffen mat Kanner an / oder Jugendlechen an prett sinn fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Ziel ass dass Du dono Spillmobil Aktiounen eleng duerchféieren an leeden kanns.

Inhalter vun der Formatioun: Ausgewieltene Schwéierpunkten aus der Spillmobil Aarbecht bei Young Caritas ginn virgestallt. Och d’ Ausprobéieren vun eisem Material kennt net ze kuerz. E weideren Punkt ass upassen vun bekannten Spiller op déi ënnerschiddlech Engagementer (Maison Relais, Summerfester, Flüchtlingsfoyer...) An natierlech gëtt och dëst Joer nees un engem groussen Spill gebaut fir déi nächst Saison. Zu gudder Lescht gëtt et och nach eng kleng Sammlung vun weideren “Quatsch-Spiller”. Dëst sinn kleng warm-up Übungen déi een ouni vill Préparatioun iwwerall kann asetzen.

Modalitéiten fir den Brevet D ze kréien: Fir den Brevet D ofzeschléissen muss Du no dësem Formatiouns Weekend nach däin prakteschen Deel beim Spillmobil maachen. Dëst sinn mindestens 2 Aktivitéiten mat betreien (spillen am ëffentlechen Raum + Spillen an enger Institutioun) an dann nach eng eegen Aktivitéit an -engem Beräich vun denger Wiel- organiséieren an duerchféieren.

Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus