Agenda - Coming up

Camps / Colonies
20.12 - 22.12 2017

321 op Chreschtdag duer

De 8 à 12 ans

Localité : Aal Géisserei
Prix : 250€

Du mercredi 20 décembre 2017
Au vendredi 22 décembre 2017

Type : Camps / Colonies

An Zesummenaarbecht mam Tricentenaire organiséiert Young Caritas dëst Joer eng Kolonie fir Kanner mat Beanträchtegung.
 
Et kënnen 8 Kanner am Alter vun zirka 8-12 Joer matgoen. Encadréiert gëtt dësen Grupp vun engem Éducateur aus dem Tricentenaire wéi och Bénévoler vun Young Caritas. Fir äert Kand e bëssen kennen ze léieren an den besonnegen Bedierfnisser vun him gerecht ze ginn, huelen mir am Virfeld Kontakt mat Iech op.
 
D’ Kolonie fënnt statt vum 20-22. Dezember 2017 am Scoutschalet “Aal Géisserei” an der Stad an kascht 250 €.
 
Wéi op all Kolonie, wäerten mir och hei Aktivitéiten zesummen maachen, sangen, spillen, bastelen, laachen an eng gutt Zäit zesummen verbréngen. D‘ Aktivitéiten ginn un d‘ Kanner ugepasst.

Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus