Blog - Stay tuned

09-12-2016 | Bénévolat Solidaire

YOUropean 2017 an Armenien?

Et ka gutt sinn, dass de berühmte Summer-Projet "YOUropean 2017" an Armenien stattfënnt. Ee Grupp vun 10-15 Jonken aus Lëtzebuerg trëfft sech während 10 Deeg mat armenesche Jugendlechen a Jonken aus anere Länner, fir lauter sozial Aktivitéiten ze maachen. Datum ass hëchstwahrscheinlech déi 2.Hallschent Juli, also um Ufank vun der Summervakanz. Et gëtt een Erasmus+-Projet, also gëtt et iech och net deier. 

Falls et dech elo schon interesséiert, schreif dem Paul vu Young Caritas eng Mail op

Wësst der, wou Armenien läit? Da kuckt mol op Google Maps! Et ass eng spannend Géijend, déi total ongeféierlech ass. Caritas Lëtzebuerg schafft scho säit bal 30 Joër do.

Woufir Armenien? 

De Paul vu Young Caritas war am November 2016 do op Besuch. Hei ass dat, wat hien deemols op Facebook derzou geschriwwen huet:

"Ech war an Armenien. A wat ech gesinn hunn, ass wierklech extra. Woufir? 3 Punkten dozou. Et geet em Relioun, Genozid a Flüchtlingen. 
1. Et ginn 2 Saachen, op déi Armenien besonnesch stolz ass. Dat eent ass, dass et dat 1.Land op der Welt ass, wat d’Chrëschtentum (deemols am Joër 301 als Staatsrelioun) unerkannt huet. Nach elo ginn et iwwerall am Land phantastesch schéin an aal Kléischter, an och déi eelste Kathedral vun der Welt ass an Armenien. Si sinn iwwregens weder Katholiken nach richteg Orthodoxen, mee eng eege Kierch, déi sech «Apostolesch Kierch» nennt. D’Armenier praktizéieren, «zwar net all Sonndeg, mee mir praktizéieren». 
An dat zweet ass, dass behapt gëtt, dass d’Arche Noah um Bierg Ararat gestrand ass. Dat ass eng spannend Hypothes. Leider ass et esou, dass wann se stëmmt, d’Arche Noah op der türkescher Säit läit. An domatt si mer scho beim zweete Punkt.
2. Armenien war iwwert seng ganz Geschicht emstridden an emkämpft an allermeeschtens gedeelt. Et läit geostrategesch immens gutt tëscht dem Schwaarze Miir an dem Kaspesche Miir (d’Nopere sinn Iran, Georgien, Aserbaidschan an Türkei). Am meeschten war et besaat vun den Osmanen (bzw. Türken), den Perser an de Russen (bzw. Sowjets). Trauregen Héichpunkt war de Genozid duerch d’Türkei am Joër 1915, wou ronn 2 Milliounen Armenier deportéiert a systematesch ermord goufen. Dee Völkermord ass omnipräsent an hirer Selbstwahrnehmung. E war wéi déi läscht Bestätegung, dass se selwer em hir Würd kämpfe mussen, well déi aner et net maachen!
Armenien war och eng Sowjetrepublik. Iwwerall ginn et nach architektonesch Iwwerräschter. Beandrockend. An heiansdo beandrockend sober an ellen. Si hunn hire reliéise Glawen am Verstopptene gelieft, obwuel de Stalin et verbueden hat. Mee si hunn hirt Verhältness zu de Russen geklärt. Elo hunn se eng gutt Relatioun zu de Russen, zu den Amerikaner an zu den Europäer. Onprätentiös, mee clever.
3. Armenien hëlt no Däitschland a Schweden proportionell am meeschten Flüchtlingen op: 17.000 bei enger Populatioun vun 3 Milliounen! Mee et muss ee wëssen, dass 7 Milliounen Armenier am Ausland (an der «Diaspora») liewen an dass déi 17.000 lauter syresch Armenier sinn, déi elo heem kommen. Si si Syrer a kommen aus enger ganz anerer Kultur a sinn an Armenien friem, mee si gi behandelt wéi Armenier. Et ginn awer och 64 Flüchtlingen, déi keng armenesch Wuerzelen hunn.
An deem Punkt gläicht Armenien Israel: iwwert de Summer ginn et Programmer, fir déi Jugendlech aus der Diaspora fir 1 Mount an Armenien z’invitéieren an hinnen d’Land, d’Sprooch an d’Leit virzestellen. Iergendwéi ass et wéi zu Lëtzebuerg: ee klengt Land gëtt sech immens vill Méih, fir seng Identitéit net ze verléieren! Jiddfereen op seng Aart.
D’Armenier selwer soen, dass Georgien fir Touristen vill méi schéin ass. Si sinn éierlech Mënschen. Ech sinn awer frou, dass ech an Armenien war, well et ass ee Land mat engem ganz besonnesche Charakter. Ech hunn och Caritas Armenien kennegeléiert, déi no deem ganz schwéieren Ärdbiewen 1989 (nach virum Fall vun der Sowjetunioun) gegrënnt gouf a säitdeem mat Caritas Lëtzebuerg vill Projetën fir déi Ärmst a besonnesch fir déi Arbechtslos opgebaut huet. Säitdeem ass Caritas Armenien mat vill Energie innerhalb vu Caritas Europa engagéiert a brengt hire ganz besonnesche Charakter mat."

Armenien1 Armenien2 Armenien3

Back to blog

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus