Blog - Stay tuned

13-01-2017 | Bénévolat Solidaire

Velosatelier mat Flüchtlingen

Dëse Velosprojet mat Flüchtlingen huet et a sech!!! E besteet aus 3 Etappen:

1) Zesumme mat jonke Flüchtlingen aus dem Foyer Mariendall reparéiere mer eemol am Mount Veloën, fir dass si se kënne benotzen.

2) An der Pëngschtvakanz maache mer zesummen 3 Deeg ee super Velostour duerch Lëtzebuerg.

3) Am September fléie mer a Griichenland, fir sur place de Flüchtlingen ze hëllefen, déi do ukommen.

Dat alleréischt Treffen ass freides, de 27.Januar, um 17h. Mir treffen eis zu Angelsbierg am Velosatelier, wou d'Veloën fir d'Flüchtlingen stinn. Nom Atelier fuere mer nach an de Foyer am Mariendall, fir do zesummen ze kachen an z'iessen. Schluss ass géint 21h. Ween éischter goë muss - kee Problem.

Wee sech umellt, kritt d'Adress gesot. Umeldung hei: http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/2017/01/27/velosatelier-mat-flchtlingen

Merci a bis dann!

490682096

Back to blog

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus