Blog - Stay tuned

05-04-2017 | Spillmobil

Ënnerstëtze eis um “Rock de Bësch”

Wéi all Joer organiséiert Caritas Jeunes et Familles zesummen mam Spillmobil vun Young Caritas an der Ouschtervakanz nees en grousst Event fir Kanner vun 4-12 Joer. Dës Kéier widmen mir eis dem Bildungsberäich “Musek”.

Op eng ganz spilleresch Manéier ginn mir hei un Beräicher wéi: Schall, Rhythmus, Spillen mat der Stëmm an et ginn och spilleresch Aktivitéiten zum Thema Héieren an Lauschteren ugebueden. Well den Event am Bësch stattfënnt, wäert och vill Natur Material agebonnen ginn.

Den Briefing fir Bénévoler fënnt statt:
Samschdes, den 8. Abrëll 2017 um Site vum Neihaischen
  Dat ass an der Ouschtervakanz

Den Event selwer fënnt statt:
Dënschdes, den 11. Abrëll 2017 och um Site vum Neihaischen
     Dat ass och an der Vakanz.

Wann dir eng genial Idee hudd, wéi eng Statioun mir hei onbedingt mussen abauen, dann loosst eis et wëssen. Statiounen ginn erausgesicht, geplangt an organiséiert vun engem Aarbechtsgrupp.

Aufgaben vun den Bénévoler

  • Samschdes den 8. Abrëll um Briefing sinn
    Statiounen kennen léieren, durchspillen
    Matdeelen, wat een sech kann fir stellen fir ze iwwerhuelen
  • Dënschdes, den 11. Abrëll moies hëllefen auszepaken an opzeriichten (Auerzäit kennt nach no)
    Eng Statioun iwwerhuelen, duerchféieren, de Kanner erklären, mat de Kanner spillen
    Owes hëllefen opzeraumen an alles an d’ Camionnette araumen
  • Dono een Feedback vun der Duerchféierung ginn.

Wann s Du eis gären wëlls ënnerstëtzen, awer um Dag vum Briefing keng Zäit hues, dann mell dech bei mir, mir fannen eng Léisung.

Umellen beim , oder op eisem Site

http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/2017/04/11/duerchfeiherung-vun-den-statiounen-fir-den-rock-de-besch

Weider Renseignementer kritt dir ënnert

Mat beschte Gréiss

 

Nathalie

Rock de Besch 2

Back to blog

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus