Blog - Stay tuned

16-05-2017 | Bénévolat Solidaire

Plug it UP! - Lëtzebuerger Musek vum Allerfeinsten

Samschdes, den 3.Juni, fënnt ee geniale Festival mat lauter Lëtzebuerger Musek statt! "Plug it UP!" gëtt vu 5 Schülerinnen, dem Lisa, Kelly, Valeria, Karina a Savannah, organiséiert, déi richteg eng lass hunn an sech immens vill engagéiert hunn!

Wat hu si ze bidden? Eng mega Affiche, wéi z.B. Diario, Dream Catcher, Isaac Roosevelt, Kelly Decker, Kevin Heinen, Patricia, Thierry Mersch, Kontrast, Seekers, Trappers a Shadows of November!! Dann awer och: Iessen, Grill, vill Gedrënks, e.a. Lëtzebuerger Start-Ups wéi Foxbeer Luxembourg!! An ausserdeem iwwerreechen si den Erléis dene gudden Zwecker vu Young Caritas fir déi benodeelëgt Kanner a Jugendlech zu Lëtzebuerg!

Plaz: Festhal "A Frounert" zu Biissen (Parking bei der Diir), hei op Google-Maps: https://goo.gl/maps/ZqPBJhQFp7J2

D'Diiren ginn op um 15h30! Tix: 10€, am Virverkaf 8€.

Op Facebook fannt der si (an och de Virverkaf) op: https://www.facebook.com/PlugitUPFestival

 

FR
Vous voulez connaître le meilleur de la musique luxembourgeoise? Alors c'est votre festival! Samedi 3 juin à partir de 15h30 à Bissen!! Retrouvez-les ici sur Facebook!

ENG
You want to hear the best luxembourgish music? Come and join the "Plug it UP!"-Festival on Saturday 3rd june from 3.30pm on in Bissen!! Find them here on Facebook!

Affiche Plug it up Team Plug it UP! Logo Plug it up Calicot Plug it up

Back to blog

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus