Haiti

Nom Äerdbiewen zu Haiti huet d’Caritas seng Hëllef intensivéiert!

Domat d’Leit erëm an Wunnengen an nëmmi an Zelter mussen wunnen, well d’Caritas eng 100 „maisons modèles“ bauen déi engem neien Äerdbiewen sollen widderstoen an déi d’Haiti-Bewunner sech och duerno selwer kennen bauen.

D’Annick Genson, eng jonk Lëtzebuergerin, huet sech fir eng Missioun di ee Joer wäert daueren engagéiert.

D’Annick wäert regelméisseg iwwert déi lescht News aus Haiti beriichten an domat kennt dir och d’Progressioun vun den Konstruktiounen gesinn.




REALIZED PROJECTS

Click here to see the gallery

Zu Käerch heescht et dëst Joer „African Feeling“!

D’MaisonRelais vun Käerch huet sech geduecht hier Vakanzenaktivitéit ënnert engem Thema ënnerzebrengen an zwar hunn se d’Decouverte vum Afrikaneschen Kontinent gewielt.

Den Comité Spencer ass dann gefroot ginn Aktivitéiten iwwert den Kap Vert ze maachen.
Vum 16ten August bis den 10ten September si mir zu Käerch an léieren den Kanner eppes iwwert eis kleng Inselen.


Den 1
ten Atelier huet „Jeux des îles“ geheescht:

Den Kanner goufen di 10 kapverdianesch Inselen virgestallt an dunn sinn se op verschidden Inselen „gereest“.

Mir hunn nämlech an verschidden Säll Atelieren gemeet, wou d’Kanner méi iwwert spezifesch Saachen di et op den Kap Vert gëtt, gewuer gi sinn!

Den zweeten Daag, hunn mir mat den Kanner Spillsaachen mat recycléierbar Saachen gebastelt.

Op den Kap Vert bastelen sech d’Kanner nämlech ganz dacks flott Autoen mat Béchsen an aner Saachen di se op der Strooss fannen.

D’Kanner maachen Tableauen!

D’Kanner sollten iergendeppes zeechnen wat mam Kap Vert oder Afrika ze dinn huet.
Si hunn fir d’éischt mat engem Stëft dat gemoolt wat se wollten an hunn dat dunn mat Sand an faarweg Kräid gefëllt.

Mir maachen lecker Saachen…

„Fidjoz“ (Banannenkichelcher) an „Pastels“ (Beignets de thon) ginn bei eis gären giess!
Den Kanner huet et Spaass gemeet eis ze hëllefen déi virzebereeden an nach méi Freed haten se beim Iessen!


Welcome

Eng Aktioun fir benodeelegt Kanner hei zu Lëtzebuerg!

Hëllefe mecht Freed! Dëst Joer, am Kader vun der traditioneller Quinzaine
vun der Caritas am Mount Mee, ka jiddereen hëllefen, sech engagéieren an
dobäi vill Freed hunn: eis traditionell Hauskollekte gëtt erweidert an nei
lancéiert ënnert dem Numm „Caritas Challenge“.
Dofir de Lancement vun dësem Appel: Dir sidd e Veräin, eng Associatioun,
eng Entreprise oder einfach e Grupp vu Leit an Dir wëllt eng Aktioun fir
benodeelegt Kanner organiséieren? Mobiliséiert Iech, setzt Iech en
Challenge an hëlleft zesumme mat anere Leit de benodeelegte Kanner zu
Lëtzebuerg. Organiséiert eng Aktioun am Kader vum „Caritas Challenge
2012“: eng Soirée, e Benefiz-Sportsevenement, Verkaf vu Kuch, Spende
sammelen bei Geleeënheet vun engem Fest wéi zB Gebuertsdag, Kommioun
oder soss eppes.
Och zu Lëtzebuerg erliewen eng Rei Kanner keng onbekëmmert Kandheet.
Si si benodeelegt oder hu spezifesch Problemer. Si brauchen eis
Ënnerstëtzung! Spenden, déi am Kader vum Caritas Challenge gesammelt
ginn, erlaaben ët der Caritas, benodeelegte Kanner an hire Familljen ze
hëllefen. Sou kënnen zum Beispill Familljen an de Caritas-Butteker gesond
Liewensmëttel – wéi frësch Uebst, Geméis a Mëllechprodukter – zu
verbëllegte Präisser akafen. Och kréie Kanner aus defavoriséierte Familljen
d’Méiglechkeet, un enger Vakanzekolonie deelzehuelen. Benodeelegt
Kanner mat Dyslexie-Problemer kréie gehollef, hir Problemer ze
meeschteren.

Informéiert eis iwwert Är Aktiounen a mir verëffentlechen Är Aktioun.
Contact: Fränz Jacobs, Telefon 40 21 31 – 262, francois.jacobs@caritas.lu.

Weider Informatiounen: www.caritas.lu/challenge


Uncategorized

Looking for: Ekipp fir Beachvolleyball

Wéini: Samschdes, 28.Abrëll, ab 12h00
Wou: Zéisseng (an der Stad)
Woufir? Ee Grupp SchülerInnen aus dem ECG organiséiert ee Beachvolleyball-Tournoi, an den Erléis ass fir de “Caritas Challenge” (http://www.caritas.lu/challenge).
Young Caritas wëllt och eng Ekipp maachen. Dofir brauche mer mindestens 4 Leit. Wa méi, wat besser, wat méi Ekippen. Mellt iech beim Paul Galles (paul.galles@caritas.lu) oder hei.

En Français:
Nous cherchons 4 joueurs/euses pour un tournoi de bienfaisance du Caritas Challenge (http://www.caritas.lu/challenge). Nous allons faire équipe samedi, le 28 avril, à partir de 12h00 à Cessange (Luxembourg-Ville).
Tu viens nous aider?
Contact: paul.galles@caritas.lu


REALIZED PROJECTS

Young Caritas goes tasty Chocolate! Samschdes, 5.Mee

Dir wësst, dass de Schokola bei Young Caritas ganz beléift ass. :) Mee wee schafft fir eise Schokola? Wat fir een ass am bäschten? A wou kënnt en hir? An ass dat alles nohalteg?
Zesumme mam SNJ maache mer de 5.Mee 18h-20h30 ee mega Schokolasowend zu Huelmes. Jo, zu Huelmes an der Buerg! Fir d’éischt ee klenge Spazéiergang ronderem d’Buerg, dann ee Schokolasatelier an dann..jo dann….eng selwergemaaten Schokolasfondue!!!!
Save the date folks! :)

Umeldungen bei: paul.galles@caritas.lu
Maximum 25 Leit.

Vous savez que Young Caritas aime bien le chocolat. Mee d’où vient-il le chocolat ? Quel chocolat existe ou n’existe plus ? Et lequel est le meilleur ?
Faisons ensemble (il y a 25 places libres) un atelier sur le chocolat.
Quand ? Samedi, 5 mai, 18h00 – 20h30
Où ? Dans le château (!) de Hollenfels (nous allons organiser ensemble le transport)
Quoi ? Atelier sur le chocolat, production de chocolat, fondue de chocolat :)

Inscription: paul.galles@caritas.lu
Venez tous !


REALIZED PROJECTS

Fir all déi, déi erfolleglos no eisem Kultvideo fir Liichtmëssdag gesicht hunn:

An hei de “Making of”: