Agenda - Coming up

Bénévolat Solidaire
20.01 2018

1.Groussen Aktiounsdag vum Projet "Newcomer"

Localité : à définir

Saturday 20 January 2018

Type : Bénévolat Solidaire

Zesumme mam SNJ a mat "elisabeth" hu mer ee mega flotte grousse Projet vun Erasmus plus: 20 Jonker vu Lëtzebuerg a 20 jonk Flüchtlinge treffen sech, léieren sech kennen a bilden kleng Gruppen, fir gemeinsam eng Idee ze realiséieren. Dräi Gruppen hunn sech bis elo fonnt: Musek, Film a Sport. Hir Ideeë solle prätt sinn fir eist grousst Ofschloss-Fest de Samschden, 9.Juni 2018.

De grousse Lancement war samschdes, de 25.November zu Ettelbrëck an der Ecole privée Ste.Anne. Dat next grousst Treffen fir eis alleguer ass samschden, den 20.Januar 2018, normalerweis am Owend (sou ab 17h). Da gi mer zesummen an de Kino oder maache soss eppes Cooles. Dee iwwernexte grousse Aktiounsdag fir eis all ass samschdes, den 10.Mäerz.

Wat iech dat Ganzt brëngt? Nei Frëndschaften, cool Ideeën, eng super Dynamik a vill Spaass! Et kascht näischt, ausser e bëssen Zäit a vill Häerz. Dir sitt härzlech wëllkomm. Schreift iech an an dir kritt nach weider Infos. Merci villmols!

Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus