Agenda - Coming up

Young Caritas divers
13.12 2018

Bénévolstreffen: Blind Date Nr.1

Localité : Café: Gudde Wëllen / 17 rue du st esprit, 1475 luxembourg

jeudi 13 décembre 2018

Type : Young Caritas divers

Bénévolstreffen: Blind Date Nr.:1 (Dëst ass en Treffen fir d'Bénévol vun Young Caritas.)

Neen, hei geet et net drëm dass mir dech verkuppelen wëllen.
Mee vill vun den Aktivitéiten vun Young Caritas hunn jo och dësen gewëssen Extra-Kick ...
An mir wëssen vun deem groussen Improvisatiounstalent wat an dir stécht.


Komm Donneschdes owes, den 13.Dezember mat an den Café "de gudden Wëllen" an treff op Gläichgesënnten.
Wéi bei engem richtegen Blind Date, weess Du net ween nach alles do ass.
Domadder mir dech erkennen solls Du eng Saach matbréngen,
déi dir ganz wichteg ass an een Bezuch zu Young Caritas huet.
Mol kucken wat op deem Owend alles zesummen kënnt: Géigenstänn, Geschichten, Ideeën.
Mir freeën eis schonn drop dech rëm ze gesinn.

Also mell dech séier un iwwert eisen Site: www.youngcaritas.lu
Weider Informatiounen ginn et hei:

Eis “Blind-Date” - Bénévolstreffen fannen regelméisseg statt, ëmmer op enger anerer Plaz an deelweis mat geckegen Aktiounen.

Book this event

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos