Agenda - Coming up

Formations
05.01 - 19.04 2019

Formatioun Brevet C (Animateur)

Localité : Mariendall
Prix : 200€

Du samedi 05 janvier 2019
Au vendredi 19 avril 2019

Type : Formations

Animateur Brevet C (Animateur)

o   Hei solls du:

o   Am Besëtz vum Brevet B (Aide-Animateur) sinn

o   2 Formatiounsweekender maachen

o   1 Formatiounswoch maachen (4 Deeg)

o   1 Kolonie maachen (8 Deeg)

05.-06. Januar 2019 : Kach Weekend  

Mir kachen mat Phantasie zu engem bestëmmten Thema (z.B. bloen Schlumpfe Pudding mat Baart...)    

Verschiddenes, Menüe ausprobéieren, op Allergien an Intoleranzen oppassen, gesond an gläichzäiteg Kand gerecht kachen! D`Hygiène an der Kichen soll dobäi net vergiess ginn.

02.-03. Mäerz 2019: Theater Weekend

Vum Improtheater iwwert Rollespiller an Verkleedungen gëtt et dësen Weekend sécher net langweileg. Wei kann en d`Kanner begeeschteren? Waat brauch en un Material? Wei kann en Spiller an en Theater abauen? Zu all dësen an nach aneren Froen kennt dir hei eng Äntwert kréien.

22.-24. Mäerz 2019: Integratiounsweekend

Mat der Zesummenaarbecht vun engem Grupp mat Behënnerte Kanner an Jugendlichen gestallten mir en spannenden an léierräichen Weekend. Hei geet et drëm, sech un die verschidden Bedierfnisser kennen unzepassen an d‘Aktivitéiten ofzestëmmen.   

15.-19. Abrëll 2019: Formatiounswoch 2

An dëser Formatiounswoch gi vill verschidden Aspekter vun der Kanner - a Jugend Betreiung duerchgeholl, z.B. d ‘Besoine vu Kanner a Jugendlechen, Kommunikatioun, Gruppen Dynamik a villes méi wat engem op enger Kolonie weiderhëlleft.

Book this event

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos