Agenda - Coming up

Formations
07.12 - 17.04 2019

Formation Brevet B (Aide-Animateur)

Localité : Mariendall / Hollenfells
Prix : 200€

Du samedi 07 décembre 2019
Au vendredi 17 avril 2020

Type : Formations

Animateur Brevet B (Aide-Animateur)

o   Hei solls du:

o   Op mannst 16 Joer hunn

o   4 Formatiounsweekender maachen

o   1 Formatiounswoch maachen (5 Deeg)

o   1 Kolonie maachen (8 Deeg)

 

07.-08. Dezember 2019 : Animateur: Wat? Wéi? Wou? (am Mariendall)

Dësen Weekend kriss du en éischten Abléck iwwert Young Caritas, an en Iwwerbléck iwwert d ‘Kolonie Liewen an d ‘Animateur Pflichten. 

 

24.-26. Januar 2020: Kolonien erliewen (am Mariendall)

Ugebueden gett hei een Programm, wéi an enger richteger Kolonie, eben just mat Gläichaltregen. Dat geet vum Opstoen, iwwert Iessen, Spillen, Atelieren plangen, Theater, Veillée, An d ‘Bett goen, ...

 

01.-02. Februar 2020: Spillen an animéieren (zu Huelmes)

En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Mir weisen dir, wéi et geet.   

 

28.-29. Mäerz 2020: Plooschteren a Bloderen (1. Hëllef) (am Mariendall)

Richteg reagéieren ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer an kriss Tipps an Tricks, mat deenens du herno richteg handelen kanns.

 

13.-17. Abrëll 2020: Formatiounswoch (am Mariendall)

An dëser Formatiounswoch geet et drëm wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehal? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppe Spiller an Aktivitéiten fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert?

 

16.-17. Mai 2020: Zousatzweekend -Kachen an Brachen (am Mariendall)

Du hues leider en Weekend verpasst? Kee Problem andems du den Zousatzweekend mess kans du dësen nees ophuelen an kenns op deng theoretesch Stonnenunzuel.

 

Book this event

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos