Agenda - Coming up

Spillmobil
06.08 - 24.08 2020

Iwwerbléck Spill an Erlierfnisdeeg (Informatioun fir Kannergruppen)

Localité : Diddleng

Du jeudi 06 août 2020
Au lundi 24 août 2020

Type : Spillmobil

Informatioun fir d‘Kannergruppen

Zanter 6 Joer bitt Young Caritas „Spill an Erlierfnisdeeg“ an der Summervakanz un. Deelhuelen kënnen Kanner-Gruppen vun Maison Relaisen bzw. Foyer‘en oder aneren Veräiner. D‘Spill- an Erlierfnisdeeg sinn esou ausgeluecht, dass d’Kannergruppen mat hiren Beréier aus der Ariichtung et als Dagesaufluch buchen kënnen. Eng individuell Aschreiwung vun eenzelnen Kanner ass net méiglech.

 

Agebett an d’Thema, ginn mueres divers Spill- an Kniwwelatelieren ugebueden. Nom Mëttegiessen ass dann nach een grousst Geländespill virgesi. Konzeptionell orientéieren mir eis un der Erlebnispädagogik an der non-formaler Bildung wéi se och an eisen Kolonien ëmgesat gëtt.

 

Niewent den Haaptamtlechen Mataarbechter vum Spillmobil, besteet eisen Staff aus villen jonken Bénévolen déi sech, mat vill Freed, am sozialen Beräich engagéieren. Eng gutt Partie vun hinnen huet, bzw. ass am gaangen, mat enger Formatioun fir den Brevet d’Animateur. Deelweis striewen si och dono en Beruff am sozialen Beräich un.

 

Aus organisatoreschen Grënn kënnen mir just e gewëssen Maximum un Gruppen/Dag unhuelen. Wann dir eng Preferenz fir en gewëssen Wochendag huet, dann kontaktéiert mech weg. bei Zäiten. oder iwwert folgend Nummeren: 36 74 68 - 23 / 661 367 456. Aschreiwungen iwwert eis Homepage sinn just fir Bénévoler, net fir Gruppen méiglech.

 

Dëst Joer sinn eis Spill an Erlierfnisdeeg folgendermoossen opgedeelt:

 

Animatioun fir Thema „Zäiitreess“ fir Kannergruppen vun 6-12 Joer

Mëttwochs, den 12. August

Donneschdes den 13. August

Freides den 14. August

 

Animatioun fir Thema „Alice im Wunderland“ fir Kannergruppen vun 3-6 Joer

Mëttwochs, den 19. August

Donneschdes den 20. August

Freides den 21. August