Blog - Stay tuned

21-04-2015 | Bénévolat Solidaire

#4refugees - grad elo - mat Dir!

Young Caritas Lëtzebuerg ass zoudéifst schockéiert iwwer d'Tragédie am Mëttelmiir, an där wäit iwwer 700 Mënschen hirt Liewen verluer hunn op der verzweifelter Sich no enger neier Hoffnung.

Vill Leit maachen sech elo Gedanken. Mir wëlle kloer weisen, dass et net dierf sinn, dass virun de Grenzen vun Europa Dausende vu Mënschen emkommen!

Dofir starte mer rem déi Aktioun, déi mer d'läscht Joër scho gemaach haten:

Mir bastelen Pabeierbooter, setzen se iergendwou op d'Waasser (ee Séi, ee Floss, de Spullsteen, d'Buedbidden - et gëtt keng Grenzen fir d'Phantasie) a mir posten se op Facebook, Twitter oder Instagram mam Hashtag #4refugees. Et gi nämlech Leit, déi soën, d'"Boot Europa" wär voll. Mir mengen, dass Plaz ass fir déi Mënschen, déi leiden. A mir ënnerstëtzen all Aktiounen, fir de Flüchtlingen eng legal Basis ze bidden, fir kënne bei eis ze liewen. Mir ënnerstëtzen och all Hëllef sur place an hire Länner. Mee ween a Nout ass, muss gehollëf kréien. Europa ass keng Festung. An eisem Boot Europa hu si eng Plaz!

Deels Du des Meenung? Da maach mat!

Start: desen Donneschden, 23.Abrëll, um 11h55 (5 vir 12); bis: Freideg, 24.Abrëll, 11h55

Maacht mat als Schoulklassen, Veräiner, Kollegen a Frëndinnen. A ganz Europa maachen d'Leit mat. An Eisträich maachen déi Jonk des Aktioun um 11h55 virum Parlament zu Wien. Bei der läschter Aktioun hunn e puer Dausend (!!!) Leit a ganz Europa matgemaach. Des Kéier wëlle mer zu nach méi sinn.

Zum Schluss just ee Wuert: MERCI!

april 2015 10703542 10202871549573518 2198076069961754939 n

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos