Blog - Stay tuned

11-06-2015 | Bénévolat Solidaire

Europäescht Young-Caritas-Treffen an Italien

Young Caritas goes Europe and Erasmus+

Dat europäescht Netzwierk vu Young Caritas funktionnéiert! Aus 6 Länner (Eisträich, Schwäiz, Italien-Südtirol, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg) hunn sech vum 4. bis de 7.Juni 2015 zu Caorle bei Venedeg (Italien) 28 Jonker a Professioneller vu Young Caritas getraff an zesummen eppes entscheed: mir stinn an fir d’Flüchtlingen a Migranten!

Wat an denen Deeg un Informatiounen op den Dësch koum, war deelweis schrecklech. Mee wat vun dene Jonke nun Ideeën proposéiert gouf, fir eppes géint d’Onrecht ze maache, war phantastesch! Ganz intensiv hu mer eis mam Thema beschäftegt an un enger Strategie geschafft, fir souvill wéi méiglech Jonker fir eisen Asaz fir d’Flüchtlingen ze motivéieren. Mir plangen eng Homepage an eng Facebook-Präsenz, mee virun allem eng europawäit Aktioun donneschdes, de 24.September. Schreift iech dee schon an de Kalenner!

Caorle ass iwwregens eng immens schéin Plaz direkt…um italienesche Strand!! Hei huet Young Caritas Südtirol ee „Centre d’accueil“ (ähnlech wéi eise „Marjaashaff“ zu Léifreg), wou iwwert de Summer ronn 1500 Kanner a Jonker hir Vakanz verbrëngen. De Blëck op d’Miir an déi waarem Temperaturen hunn eist Treffen natirlech nach méi spannend gemaach! ;)

Vu Lëtzebuerger Säit waren d’Déborah, de Moreno, de Rafael an de Paul mat derbäi. Mir hunn eist Bäscht ginn! D’Débo an de Moreno vertrieden de Jugendgrupp vu Young Caritas zum Thema Flüchtlingen, bei deem een ëmmer nach matmaache kann. Ween Interessi huet, soll sech einfach melden beim .

Des strategesch Partnerschaft „Young Caritas Europa Network“ gëtt finanziell ënnerstëtzt vum europäesche Programm „Erasmus +“, deem mir ganz härzlech Merci soën!

IMG 3188 IMG 3132 IMG 3153 EU flag-Erasmus+ jeunesse en action bold

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos