Blog - Stay tuned

24-06-2015 | Bénévolat Solidaire

Impact Journalism Day 2015 - Young Caritas gouf erausgesicht!

De 20.Juni 2015 war den internationalen Impact Journalism Day. De Journalismus wëllt net nëmmen déi dramatesch Saachen berichten, mee och vu geniale Projetën erzielen. Dofir hu ronn 50 Zeitungen aus der ganzer Welt 100 Projetën erausgesicht, déi se genial fannen a vun denen se mengen, si kéinten Impakt hunn op d'Gesellschaft.

Zu Lëtzebuerg huet d'"Luxemburger Wort" zwee Projetën erausgesicht, dorënner de Brunch an der Eecher Klinik, dee Young Caritas regelméisseg mam Personal vun der Palliativstatioun fir d'Patienten an hir Familjen organiséiert. Den 20.Juni ass en an der Extra-Bäilag vun der Zeitung erschingen. Dir gesitt hei eng Foto dervunn. Och an anere Länner gouf den Artikel iwwert Young Caritas an d'Eecher Klinik an de jeweilege Sproochen veröffentlecht!

Ausserdeem steet den Artikel op wort.lu. Dir fannt en hei. Vill Spaass bei der Lektür. A merci villmols nach eng Kéier dene ville Bénévolen an dem Dr.Frédéric Fogen a senger ganzer Ekipp zu Eech!

A fir all déi, déi sech derfir interesséiere matzemaachen: mir freeën eis iwwert juddfereen! Mellt iech beim Paul op .

journalism impact day

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos