… komm mat an d ‘Joer 2300. All eist Wëssen an Technik ass längst vergiess ginn. Just nach e puer Fuerscher gleewen drun, dass een Technik aus eiser Zäit rëm kann un d ‘lafen bréngen. Maach dech op de Wee, well mir brauchen Dech …
Walferdange. Stellt iech fir, mir géingen lo am Joer 2300 landen. Villes huet sech geännert, alles méi modern ginn. Muenches vun eiser haiteger Technik ass wuel nach iwwereg, mee ass dann nach gewosst wat een domadder ufänken kann? Des Introduktioun kruten d´Kanner aus den Maison Relaisen vun der Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. den 30. an 31. Mäerz 2016. Zesummen matt hiren Educateuren/tricen waren si op Walfer an d´Maison Relais komm wou si eng sellegen Statiounen zum Thema Technik entdecken konnten. Preparéiert goufen des an enger Zesummenaarbecht vun engem Grupp vun engagéierten Benevolen vun Young Caritas ënnert der Leedung vum Spillmobil vun Young Caritas zesummen matt eisen Mataarbechter aus den Maison Relaisen vun Caritas Jeunes et Familles.
Besonnesch gutt ukomm waren d´Auseneenbau-Statioun an Erfinderwerkstatt. Awer och den Stroum Atelier, Spillen matt Zännrieder, Bauen vun einfachen Maschinnen stoungen um Programm. Wei geet dat fir schwéier Laaschten matt wéineg Kraaft ze transportéieren an wei beaflosst d´Hiewelkraaft d´Spillen un der Wipp konnt och erfuerscht ginn.
Och den sécheren Ëmgang matt Handwierksgeschir ass fläisseg geüübt ginn. Grouss an kleng Schrauwenzéier, Seen, kleng Handburer an matt vill verschidden Zaangen gouf hantéiert. Eraus koumen ganz geckeg Maschinnen, erfonnt an gebaut vun den Kanner. Si haten hei een flotten an erliefnisräichen Dag an och hier Educateuren kruten hei di eng oder aner Inspiratioun fir Ëmsetzungsméiglechkeeten an hirem Aarbechtsfeld.
Op spilleresch Aart an Weis sinn d´Kanner hei villen Geheimnisser vun der Technik op den Grond gaangen. Experimentéieren an Fuerschen matt Kanner heescht net, dass schwiereg Saachen dreschen an langweileg erklärt ginn. Et geet virun allem dorëms, dass eng Léiersituatioun oppen ass. Mir schreiwen net fir op wei eng Aart an Weis en Kand eppes leieren muss. Vill selwer ausprobéieren an sech och mol ieren gehéiert dozou. Léierprozesser kann een net ofkierzen. Kanner entwéckelen schonn frei eegestänneg Froen an och Hypotheesen. Eis Aufgab ass et dann si ze begleeden, an Rahmebedingungen ze schaffen, domadder aus dësem Virwëtz Wëssen gëtt.