Agenda - Coming up

Bénévolat Solidaire
16.08 - 20.08 2017

Vakanz mat jonke Flüchtlingen op der Musel 3

Localité : Grevenmacher

Du mercredi 16 août 2017
Au dimanche 20 août 2017

Type : Bénévolat Solidaire

Dir wësst, dass vill jonk Flüchtlingen d'Land net verloossen dierfen, well se nach net unerkannt sinn. Dat bedeit am Summer: net an d'Ausland! Dofir hu mer eis geduecht: komm, mer bidden hinne Vakanz heiheem un! Eraus aus dem Foyer, während 5 Deeg einfach eppes Cooles erliewen, e puer Deeg eng ganz aner Welt! Dat Ganzt organiséiere mer 3mol: 6.-10. August 2017, 11.-15.August 2017, 16.-20.August 2017. DAT HEI ASS D'ASCHREIWUNG FIR D'ZÄIT VUM 16. BIS 20.AUGUST. Emmer 15 Leit, dovu jeweils 5 Jonker vu Young Caritas!! Ass dat net cool?? Mir sichen dofir 3mol 5 Jonker, déi fir 4-5 Deeg mat an een Haus op d'Musel wunne ginn. Dagsiwwer maacht der Aktivitéiten: schwammen, grillen, wanderen, alles, wat iech an de Sënn kënnt. An dat Bäscht: et kascht iech näischt!! Eenzeg Konditiounen: dir hutt 16 Joër a sitt motivéiert! Da mellt iech séier un. Oder frot no weideren Infos beim Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus