Blog - Stay tuned

14-06-2017 | Bénévolat Solidaire

Vakanz fir jonk Flüchtlingen op der Musel - mat dir!

Dat hei ass vläicht dee logëschsten Projet vum ganze Summer! Woufir?

Mir all freeën eis op d'Vakanz. Allermeeschtens gi mer dofir an d'Ausland. Et ginn awer Jonker, déi dat net dierfen, well se nach kee Flüchtlingsstatut hunn. Wat maache mer also? Logësch: mir bidden hinnen eng richteg richteg fetzeg Vakanz zu Lëtzebuerg!

An dofir brauche mer iech, déi Jonk! Mir sichen 3 mol ee klenge Grupp vu Jonken, déi mat de jonken Flüchtlingen zu Gréiwemaacher op der Musel Vakanz maachen an villes ënnerhuelen. Fir de Programm ënnerstëtze mir iech natirlech. An d'Wunnen an d'Iessen ass alles gratis fir iech! Eenzëg Konditioun: du muss 16 Joër hunn. A wann's de ë bëssen Erfahrung am Grupp hues, ass dat vu Virdeel.

3 mol 5 Deeg: 6.-10.August oder 11.-15.August oder 16.-20.August, wat passt der besser? Komm mat a maach eppes richteg Guddes!

Hei kanns de dech aschreiwen a mat eis a Kontakt kommen:

Fir den 6.-10.August: http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/2017/08/06/vakanz-mat-jonke-flchtlingen-op-der-musel-

Fir den 11.-15.August: http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/2017/08/11/vakanz-mat-jonke-flchtlingen-op-der-musel-

Fir den 16.-20.August: http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/2017/08/16/vakanz-mat-jonke-flchtlingen-op-der-musel-

 

VAKANZMATFLUECHTLINGEN2017 fr VAKANZMATFLUECHTLINGEN2017 lux

Back to blog

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus