Formations

12.01.2024 - 12.04.2024


Brevet B (Aide-Animateur)

Informations générales


du vendredi 12 janvier 2024 au vendredi 12 avril 2024

Localité: Jugendherberge Beaufort

Age: A partir de 16 ans

Tarif : 200 €


du vendredi 12 janvier 2024 au vendredi 12 avril 2024

Hei solls du:

Op mannst 16 Joer hunn 3 Formatiounsweekender maachen 1 Formatiounswoch maachen (5 Deeg) 1 Kolonie maachen (8 Deeg)

12-14.01.2024 : Kolonie erliewen

Um éischte Weekend gëss du méi iwwert youngcaritas gewuer a kriss en  Iwwerbléck iwwert d ‘Koloniesliewen an d ‘Animateursflichten. De Programm ass wéi an enger richteger Kolonie. Dat geet vum Opstoen, iwwert d’Iessen, Spillen, Ateliere plangen, Theater spillen, bis bei d ‘Schlofegoen.

24-25.02.2024 : Spillen an animéieren

En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Mir weisen dir, wéi et geet.

Datum à voir : Plooschteren a Bloderen

Eischt Hëllef ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer a kriss Tipps an Tricks, mat deenens du herno bei engem Noutfall richteg handele kanns.

08-12.04.2024 : Formatiounswoch

Wärend der Formatiounswoch léiers du, wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehale? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppespiller an Aktivitéite fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert? A villes méi.