Formations

15.01.2027 - 03.04.2027


Brevet B ( Aide-Animateur)

Informations générales


du vendredi 15 janvier 2027 au samedi 03 avril 2027

Age: A partir de 16 ans

Tarif : 280 €


du vendredi 15 janvier 2027 au samedi 03 avril 2027

Hei solls du:

• Op mannst 16 Joer hunn

• 3 Formatiounsweekender maachen

• 1 Formatiounswoch maachen (6 Deeg)

• 1 Kolonie maachen (8 Deeg)

15-17.01.2027 : Kolonie erliewen (Mariendall)

Um éischte Weekend gëss du méi iwwert youngcaritas gewuer a kriss en  Iwwerbléck iwwert d ‘Koloniesliewen an d ‘Animateursflichten. De Programm ass wéi an enger richteger Kolonie. Dat geet vum Opstoen, iwwert d’Iessen, Spillen, Ateliere plangen, Theater spillen, bis bei d ‘Schlofegoen.

20.02-21.02.2027 : Spillen an animéieren (Mariendall)

En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Mir weisen dir, wéi et geet.

13-14.03.2027 : Plooschteren a Bloderen (Léiweng)

Eischt Hëllef ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer a kriss Tipps an Tricks, mat deenens du herno bei engem Noutfall richteg handele kanns.  Dëse Weekend ass e richtegen Éischt Hëllef Cours a geet och vu Formateure vum CGDIS gehalen. Dëse Weekend ass ouni Iwwernuechtung.

29-03.04.2027 : Formatiounswoch (Rëmerschen)

Wärend der Formatiounswoch léiers du, wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehale? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppespiller an Aktivitéite fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert? A villes méi.

 

Sprooch: Lëtzebuergesch