Agenda - Coming up

Bénévolat Solidaire
13.08 - 21.08 2018

YOUrovelo 2018

De 15 à 26 ans

Localité : Luxembourg
Prix : 100€

Du lundi 13 août 2018
Au mardi 21 août 2018

Type : Bénévolat Solidaire

De YOUropean 2018 ass ähnlech, mee ganz anescht wéi déi aner Joren. Wat ass ähnlech? 32 Jonker aus 4 Gruppen: Lëtzebuerger, Georgier, Südtiroler an 8 jonk Flüchtlingen, déi mat eis zu Lëtzebuerg liewen. Ausserdeem: vill Aktivitéiten, Visiten, Spaass, nei Frëndschaften! Wat ass anescht? Mir fuere Velo, an zwar duerch d'halleft Land!!! :) Dofir YOUroVELO 2018!! Stad, Mariendall, Iechternach, Remerschen, Stad - dat sinn d'Etappen vun eiser Interkul-Tour de Luxembourg! An déi aner Deeg maache mer lauter Aktivitéiten: Klammen, Geo-Cache, Schwammen, Kasematten etc. 
Du hues tëscht 15 a 26 Joer? Du kanns e bëssen Englesch? Du wëlls Jonker aus der ganzer Welt kenneléieren? An du hues Spaass um Velofueren? Da maach mat! Du muss kee Member sinn, keng Formatioun hunn, net den Tour de France gewonnen hunn (obwuel den Andy och matfueren dierf!;))!
Et kascht dech bal näischt: 100€ fir 9 Deeg! Erasmus plus kofinazéiert de Projet. D'Veloe gi gelount, ausser du wëlls léiwer däin eegene matbrëngen. D'Gepäck gëtt vun enger Camionette transportéiert. An anere Wieder: lass geet et! Schreif dech einfach an! :)
#youngcaritas #erasmusplus #velo #intercultural

Book this event

Back to events

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus