youngcaritas
Solidactive
publié le 08 septembre 2021

ARTiculate by youngcaritas

ARTiculate Planning Post

ARTiculate ass eng mobil Outdoor-Konschtgalerie, déi iwwert de Summer 2021 an mindestens fënnef Gemengen ausgestallt gëtt. Konkret sinn et dräi holze Cuben vun 2,5 x 2,5 x 2,5 Meter, also 12 grouss Säiten déi vu Jonke mat Graffiti besprayt gi sinn. Eis jonk Kënschtler krute bei dësem Projet d'Méiglechkeet sech duerch Konscht zu hire Gefiller zu der COVID-Pandemie resp hire Wënsch fir duerno ausdrécken. Begleet sinn si vun de Street Artists Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd aus dem Kamellebuttek vun Esch ginn, an de Projet gëtt vum Service National de la Jeunesse ënnerstëtzt.

Ee grousse Merci un si an och un HAVE Films fir folgende Video: https://youtu.be/Pf_i0swkokI

Fannt méi Informatiounen zum Projet op eise soziale Medien oder stellt är Froen via Mail: solidactive@youngcaritas.lu