Formations

13.01.2023 - 15.04.2023


Brevet B (Aide-animateur)

General information


13.01.2023 - 15.04.2023

00:00 - 00:00

Location: Jugendherberge Beaufort

Price : 200 €


from Friday 13 January 2023 to Saturday 15 April 2023

 

o   Hei solls du:

 

o   Op mannst 16 Joer hunn

 

o   3 Formatiounsweekender maachen

 

o   1 Formatiounswoch maachen (5 Deeg)

 

o   1 Kolonie maachen (8 Deeg)

 

 

 

13-15/01/2023: Kolonie erlierwen

 

Desen Weekend kriss du en éischten Abléck iwwert youngcaritas, an en  Iwwerbléck iwwert d ‘Kolonie Liewen an d ‘Animateur Pflichten.  Den Programm ass wéi an enger richteger Kolonie, eben just mat Gläichaltregen. Dat geet vum Opstoen, iwwert Iessen, Spillen, Atelieren plangen, Theater, Veillée, An d ‘Bett goen, ...

 

04-05/02/2023: Spillen an animéiren

 

En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Mir weisen dir, wéi et geet.

 

18/03/2023: Plooschteren a Bloderen

 

Richteg reagéieren ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer an kriss Tipps an Tricks, mat deenens du herno richteg handelen kanns.

 

10-15/04/2023: Formatiounswoch

 

An dëser Formatiounswoch geet et drëm wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehal? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppe Spiller an Aktivitéiten fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert?