Formations

13.01.2023 - 15.04.2023


Brevet C (Animateur)

General information


13.01.2023 - 15.04.2023

00:00 - 00:00

Location: Jugendherberge Beaufort

Price : 200 €


from Friday 13 January 2023 to Saturday 15 April 2023

 

  Hei solls du:

 

o   Am Besëtz vum Brevet B (Aide-Animateur) sinn

 

o   3 Formatiounsweekender maachen

 

o   1 Formatiounswoch maachen (5 Deeg)

 

o   1 Kolonie maachen (8 Deeg)

 

13-15/01/2023: Kach Weekend  

 

Mir kachen mat Phantasie zu engem bestëmmten Thema (z.B. bloen Schlumpfe Pudding mat Baart...)     Verschiddenes, Menüe ausprobéieren, op Allergien an Intoleranzen oppassen, gesond an gläichzäiteg Kand gerecht kachen! D`Hygiène an der Kichen soll dobäi net vergiess ginn.

 

04-05/02/2023: Theater Weekend

 

Vum Improtheater iwwert Rollespiller an Verkleedungen gëtt et dësen Weekend sécher net langweileg. Wei kann en d`Kanner begeeschteren? Waat brauch en un Material? Wei kann en Spiller an en Theater abauen? Zu all dësen an nach aneren Froen kennt dir hei eng Äntwert kréien.

 

 

10-14/04/2023: Formatiounswoch

 

An dëser Formatiounswoch gi vill verschidden Aspekter vun der Kanner - a Jugend Betreiung duerchgeholl, z.B. d ‘Besoine vu Kanner a Jugendlechen, Kommunikatioun, Gruppen Dynamik a villes méi wat engem op enger Kolonie weiderhëlleft.