Formations

13.01.2024 - 12.04.2024


Brevet C (Animateur)

General information


from Saturday 13 January 2024 to Friday 12 April 2024

Location: Centre de Jeunesse Marienthal

Age: From16 years

Price : 200 €


from Saturday 13 January 2024 to Friday 12 April 2024

 

Hei solls du:

Op mannst 17 Joer hunn De Brevet B vum Animateur hunn 3 Formatiounsweekender maachen 1 Formatiounswoch maachen (5 Deeg) 1 Kolonie maachen (8 Deeg)

13-14.01.2024 : Kachen a Brachen  

Mir benotzen all eis Fantasie fir zu engem bestëmmten Thema ze kachen. Sou maache mer z.B. bloe Schlumpfepudding mat Baart, probéiere verschidde Menüen aus, kucken zesummen op wat mer bei Allergien an Intoleranzen oppasse mussen a léiere gesond a gläichzäiteg Kandgerecht ze kachen! D`Hygiène an der Kiche begleet eis dobäi de ganze Weekend.

24-25.02.2024 : Theaterweekend

Mat Improtheater, Rollespiller a verkleeden um Programm, gëtt et op dësem Weekend sécher net langweileg. Wei kann en d`Kanner duerch en Theater begeeschteren? Wat brauch en u Material? Wei kann e Spiller an en Theater abauen? Zu all dësen an nach anere Froe kritt dir eng Äntwert.

Datum à voir : Inklusiounsweekend

An Zesummenaarbecht mat engem Grupp vu Kanner a Jugendleche mat enger Beanträchtegung, gestallte mir e spannenden a léierräiche Weekend. Dobäi wäert vill drëm goen, sech un di verschidde Bedierfnisser kennen unzepassen an d‘Aktivitéiten dorobber kennen ofzestëmmen.   

08-12.04.2024 : Formatiounswoch

Wärend der Formatiounswoch gi vill verschidden Aspekter vun der Kanner- a Jugendbetreiung duerchgeholl. Z.B. d ‘Besoine vu Kanner a Jugendlechen, Kommunikatioun, Gruppendynamik a villes méi wat engem op enger Kolonie weiderhëlleft.