Solidactive

25.11.2022 - 11.12.2022


Action Delhaize vun der Spëndchen a.s.b.l.

Informations générales


25.11.2022 - 11.12.2022

Localité: Delhaize


du vendredi 25 novembre 2022 au dimanche 11 décembre 2022

 

D’Spëndchen a.s.b.l. këmmert sech ëm d’Iesswueren, déi an den „Epiceries sociales“ zu méi engem bëllege Präis verkaaft ginn.

Zweschem dem 24ten November an dem 14ten Dezember organiséiert d’Spëndchen während 3 Weekender an den Delhaizen eng Collecte fir d'„Epiceries sociales“. Et gi Couponen verdeelt, déi d’Leit an der Keess kënnen ofginn, fir esoumat en Don ze maachen. Mam Total vun dësen Donen huet d’Spëndchen dann d’Méiglechkeet beim Delhaize Iesswuere fir d’„Epiceries sociales“ zu engem bessere Präis anzekafen.

Am Resumé ass d’Aufgab, Couponen an der Entrée vum Supermarché ze verdeelen an evt. zousätzlech Informatiounen iwwert d'„Epiceries sociales“ ze ginn, fir datt d’Clienten och Loscht kréien en Don ze machen.

Wann dir Loscht hutt, iech hei z’engagéieren, ass dat méiglech:

·     Freides, den 25. November vun 10 – 13 Auer oder vu 16 – 19 Auer

·     Samschdes, den 26. November vun 10 – 13 Auer oder vu 16 – 19 Auer

·     Sonndes, den 27. November vun 10 – 12 Auer

·     Freides, den 02. Dezember vun 10 – 13 Auer oder vu 16 – 19 Auer

·     Samschdes, den 03. Dezember vun 10 – 13 Auer oder vu 16 – 19 Auer

·     Sonndes, den 04. Dezember vun 10 – 12 Auer

·     Freides, den 09. Dezember vun 10 – 13 Auer oder vu 16 – 19 Auer

·     Samschdes, den 10. Dezember vun 10 – 13 Auer oder vu 16 – 19 Auer

·     Sonndes, den 11. Dezember vun 10 – 12 Auer

Dës Deeg sinn déi, wou ëmmer vill Leit an de Butteker sinn, mee Dir kënnt Iech och fir aner Deeg an Zäiten oder och nëmme stonneweis aschreiwen.

Déi 10 Delhaize-Filialen, wou si är Hëllef brauchen, sinn: Alzingen, Bertrange, Belval, Capellen, Schengen, Strassen, Junglinster, Pommerlach, Schmiede a Walferdange.

Fir méi Infoen: +352 661 367 465 oder solidactive@youngcaritas.lu