Agenda - Coming up

Spillmobil
06.08 - 24.08 2020

Iwwerbléck Spill an Erlierfnisdeeg (Informatioun fir Bénévol)

Localité : Diddleng

Du jeudi 06 août 2020
Au lundi 24 août 2020

Type : Spillmobil

Informatioun fir d’Bénévol

Bénévoler gesicht! Spill an Erlierfnisdeeg sinn dat Highlight am Summerprogramm beim Spillmobil.

 

Mir brauchen eng 60 Leit, déi Aktivitéiten mat de Kanner maachen, mat hinnen spillen an bastelen, Material virbereeden, kachen, logistesch an organisationell Aufgaben iwwerhuelen an villes méi.

D ‘Aufgaben vun der Équipe sinn ganz villfälteg, bestëmmt fënns Du eppes, wat dir zouseet. Eng ofgeschlossen Formatioun (z.B. Brevet A) ass net obligatoresch. Deng Erfahrungen déi Du hei mëss, kennen awer als prakteschen Deel fir den Brevet A bzw. Brevet B ugerechent ginn.

 

Spill an Erlierfnisdeeg ginn vun Donneschdes den 6. August bis Méindes 26. August.

Selbstverständlech muss Du net all Dag do sinn.

Gutt ass et wenns, Du dech z.B. fir den Montage, d ‘Preparatioun an Animatioun vun engem Thema aschreiws. Inscriptiounen fir eenzel Deeg sinn just a Récksprooch mat mir (Nathalie) ze maachen.

 

Als Alternativ fir dech op eiser HP net fir alles eenzel unzemellen, kanns Du mir och eng Mail maachen:

 

Dëst Joer sinn eis Spill an Erlierfnisdeeg folgendermoossen opgedeelt:

 

Do 6. + Fr 7. Material kënnt op den Site

Toiletten Container an Camion vun Infopla kommen un an muss ausgepaakt ginn,

mir ginn vill Material op Walfer an Izeg sichen

 

Sa 8. + So 9. Montage vum Site

Zelter, Bänken, Dëscher, Podester, grouss Konstruktiounen

 

Mo 10. + Di 11. Briefing an Préparatioun Thema „Zäitrees“

Kulissen an kleng Spiller ginn gebaut, Verkleedung, etc.

 

Mi 12. + Do 13. + Fr 14. Animatioun fir Thema „Zäiitreess“

Hurra, op dësen Deeg kommen Kanner.

Mir erwaarden +/- 80 Kanner den Dag am Alter vun 6-12 Joer

 

Sa 15. (offiziellen Feierdag, Mariahimmelfahrt)

groussen Ausfluch fir all Bénévoler déi dëst Joer beim Spillmobil mat gehollef hunn

 

So 16. fräien Dag fir Bénévol

neen, Bénévoler kënnen net um Site bleiwen,

mee et ass eng Persoun do, déi op eist Material oppasst

 

Mo 17. + Di 18. Briefing an Préparatioun fir Thema „Alice im Wunderland“

Kulissen an kleng Spiller ginn gebaut, Verkleedung, etc.

 

Mi 19. + Do 20. + Fr 21. Animatioun fir Thema „Alice im Wunderland“  

Hurra, op dësen Deeg kommen Kanner.

Mir erwaarden +/- 100 Kanner den Dag am Alter vun 3-6 Joer

 

Sa 22. + So 23. Demontage vum Site

Zelter, Bänken, Dëscher, Podester, grouss Konstruktiounen

 

Mo 26. Retour Material

Camion vun Infopla kënnt Material sichen an mir bréngen nees alles zréck op Walfer an Izeg

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos