Agenda - Coming up

Bénévolat Solidaire
24.09 2020

Spillsaache verschenken - déi zweet Ronn

Localité : Dikrech (Diekirch)

jeudi 24 septembre 2020

Type : Bénévolat Solidaire

An Zesummenaarbecht mat Taba verschenke mir Spillsaachen un Flüchtlingsfoyeren

Taba ass ee Service vum CNDS a sammelt Spillsaachen, Bicher asw fir se gefleckt a preparéiert un Familljen, déi net esou vill hunn, weider ze ginn. Dëst maachen si mat Hëllef vun hire Bénévol, déi eng Suchtproblematik hunn a bei hinnen eng flott a sënnvoll Oflenkung a Beschäftegung fannen.

Wärend dem Confinement kruten si esou vill Spillsaachen, Petzien a villes méi, dass mir hinnen hëllefen dës un Kanner an Flüchtlingsfoyere weider ze schenken.

Eng flott Aktivitéit vum Spillmobil a Bénévolat Solidaire zesummen, déi elo schonn an déi zweet Ronn geet.

Mir waren den 10/09 eng éischte Kéier zu Dikrech (Diekirch) am Foyer a bréngen hinnen elo weider Spillsaache fir hiren neie Kanner-Elteren-Spillraum.

Datum an Auerzäit: 24/09/2020 vun 16:00 bis 17:00 Auer

Mell dech un,

Nathalie & Pier

Book this event

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos