Agenda - Coming up

Spillmobil
24.10 2020

Try & More: Bastelen, Verkleeden an Spillen

Localité : Itzeg: Büroen vun YC

samedi 24 octobre 2020

Type : Spillmobil

Aktivitéit geet vun 14:00-17:00

Bastelen, Verkleeden an Spillen:

Komm mat an den mageschen Bësch, an d‘Räich vun den Hexen, bei déi ural Zauberer. Zesummen tauchen mir an des phantastesch Welt an. Mir kniwwelen, bastelen eis en Outfit an plangen wéi eng Spiller zu dëser Geschicht passen.

Try & More: Wat ass dat?

Ënnert dësem Motto fannen Aktivitéiten fir eis Bénévol statt. Hei kann een selwer Erfahrungen maachen, vill Froen dozou stellen an alles ausprobéieren bis een sécher ass an weess wéi et geet... Mee natierlech och matmaachen wann een Thema kennt an einfach nees Loscht drop huet. Bei Interessi ënnerstëtzen mir dech och fir dat wats Du hei geléiert an erlieft hues eng Kéier op enger Aktivitéit mat Kanner/Jugendlechen/aneren Leit ëmzesetzen.

Try & More: Du decidéiers!

Try & More gëtt regelméisseg ugebueden zu ganz verschidden Themen. Dadder et stattfënnt, mussen mindestens 3 Bénévoler ageschriwwen sinn. Wenns Du en Thema hues, datts Du selwer wëlls ausprobéieren, dann so eis Bescheed. Awer och, wenns Du een Thema hues an deem s Du schonn richteg gutt bass an däin Wëssen wëlls weider ginn, dann arrangéieren mir zesummen mat dir e Mëtten.

Aktivitéit mat Kanner:

Et ass geplangt, dass mir Freides den 6. November an een Kannerheem ginn, an hei zesummen mat de Kanner eppes Bastelen, eis Verkleeden an zesummen spillen.

Du hues nach Froen?

Dann mell dech bei mir:

Book this event

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos