Agenda - Coming up

Bénévolat Solidaire
01.01 - 30.06 2021

Projet Wellbeing

Localité : Stad Lëtzebuerg

Du vendredi 01 janvier 2021
Au mercredi 30 juin 2021

Type : Bénévolat Solidaire

Een Theater-Projet organiséiert vun de Rotonden an dem Ministère de l'Éducation nationale

Nieft Schoulklasse wëllen och mir eng Equipe op d'Been stellen, déi bei dësem besonnesche Projet soll matwierken. Eis Aufgab ass et mat den Experte vun de Rotonden an d'Thema „Wellbeing“, also d'Wuelbefanne vun iech Jonken, eranzeklammen an hinnen ze hëllefen hiren Theater ze kreéieren. Jo, mir stinn herno net selwer op der grousser Bün, dat maache si fir eis.

Start vum Projet: ab Januar 2021

Oflaf: Mir treffen si dräi Mol; sinn awer ewéi gewinnt flexibel am Rdv'en resp Platz fannen. Dir decidéiert mat wéini dat iech passt.

Ofschloss: Mir ginn hiren Theater kucken. Dëst den 9. oder 11. Juni um 19:00 Auer an de Rotonden. Méi spéit duerno soll dann och een Debriefing mat hinne sinn.

Wichteg: Dir braucht keng Virkenntnesser am Theater.

D'Equipe soll zesumme bleiwen a jidderee soll och fir de Spektakel am Juni do sinn.

Mir freeën eis op eng cool a spannend Zesummenaarbecht.

Bass du dobäi? Da mell dech un,

Pier

Book this event

Back to events

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos