Blog - Stay tuned

02-06-2015 | Bénévolat Solidaire

Molen mat eelere Leit

Ee neie Projet: Molen mat eelere Leit an „Elisabeth am Park“

Young Caritas ass frou, regelméisseg nei Ideeën ubidden ze kënnen. An hei ass eng richteg cool! Et geet em Molen an em eeler Leit!

De 27.Juni starte mer am Altersheem „Elisabeth am Park“ an der Stad ee Mol-Projet, deen 1 Joër laang dauere wärt. Et ass Plaz fir 5 Jonker vu Young Caritas. 1mol am Mount gi mer samschdes nomëttes an d’Altersheem a schaffe mat 5 eelere Leit u Biller. D’Resultat soll nom Ofschloss vum Projet ausgestallt ginn.

Du bass interesséiert?

- Dat éischt Treffen ass samschdes, 27.Juni, vu 15h bis 17h am Altersheem (19 av. Emile Reuter, 2420 Luxembourg). Op Google Maps gesäit dat esou aus.

- Du kanns Der eemol am Mount Zäit huelen a kanns virausgesinn, dass De regelméisseg komme kanns?

- De Projet ass gratis. A mir maachen domatt eelere Leit eng grouss Freed.

Da mell Dech beim Paul op

Mir freeën eis!

Bild Molen

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos