Blog - Stay tuned

11-06-2015 | Bénévolat Solidaire

Social Interrail

Young Caritas Lëtzebuerg mam Zuch op Besuch op solidaresche Projetën an Italien an a Frankräich

An hei ass en, dee fuschneie solidaresche Projet vun desem Summer: Social Interrail! D’Idee ass iwwregens vum Lynn – Merci villmols!!!

De Prinzip ass ganz einfach: mir kafen eise en Interrail-Ticket a fueren an zwee Länner, fir mat Jonker vun do sozial Projeten ze maachen!

De 17.August fuere mer op der Gare fort fir an Italien. Vum 18. bis 22. engagéiere mer eis mat Südtiroler Jugendlechen an e puer Projetën vu (Young) Caritas Südtirol zu Meran. Den 23. Klamme mer rem an den Zuch a fueren a Frankräich an d’Géijend vu Paräis (op Evry). Vum 24. bis de 26. maache mer Projetën an entdecke Paräis zesumme mat franséischen Jonken a mat Bénévolen vu Caritas Mongolei a Caritas Kosovo! Mat hinnen fuere mer op St.Malo un d’Küst, wou 500 jonk Benevoler un der „Université d’été“ (27. bis 30.) vu Young Caritas France deelhuelen. Spaass, Atelieren, nei Frëndschaften an an an… Ausserdeem présentéiere mer do een Atelier a schwätzen och iwwert eis Erfahrungen.

Den 31.August fuere mer mam Zuch erem heem. Wann d’Zäit et erlabt, maache mer een Tëschestopp op de Plagen vum D-Day an der Normandie, well dat elo 70 Joër hir ass. Da kéime mer den 1.September owes erem op der Gare un.

Super Programm, gell?!!!

Bass De interesséiert? Hei d’Konditiounen:

- Du hues tëscht 16 an 25 Joër

- Du bass bereet, Dech am Virfeld 2-3mol mam Grupp ze treffen, fir alles virzebereeden; dat éischt Treffen ass freides, de 26.Juni, um 16h30 um Site vun der Caritas

- Du bass bereet, beim Projet Dech sozial z’engagéieren an op aner Mënschen duerzegoën

- Du bass bereet, am Südtirol Däitsch (oder am Noutfall Italienesch) an a Frankräich Franséisch ze schwätzen an ze probéieren, Dech mat de Kosovaren an de Mongolen op Englesch z‘ënnerhalen

- A wat kascht et? Mir hu bei „Erasmus+“ no enger Ko-Finanzéierung gefrot. Wa mer ugeholl ginn, kascht et eis bal näischt!!!! Allerallerhëchstens froë mer 100€ oder dat, wat eis déi läscht Nuecht op den D-Day-Plagen kascht.

Weider Infos kriss De hei:

http://socialinterrail2015.jimdo.com/

Kontakt:

Lynn Bekené      

Paul Galles         

Umelde kanns De Dech hei (12 Leit): http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/2015/08/17/social-interrail-

istock interrail 01 Uni d'été Young Caritas 2015 EU flag-Erasmus+ jeunesse en action bold

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos