Blog - Stay tuned

02-06-2015 | Worldwide

YOUropean 2015: back to the roots in Montenegro

Et ass erem souwäit: de Projet YOUropean rifft!!! Dëse Summer fléie mer an de Montenegro, an zwar vum 4. bis 13.August 2015. Zesumme mat Jugendlechen aus Montenegro a Kosovo maache mer sozial Projeten, z.B. mat Flüchtlingen a mat Mënschen mat Behënnerung.

Mir maachen dat déi éischt 5 Deeg zu Bar un der montenegrinescher Küst (einfach mega schéin!) an dono 5 Deeg am Norden vum Montenegro zu Berane, do, wou d’Leit méi aarem dru sinn. Ausserdeem treffe mer Politiker, maache Sensibiliséierung an entdecken dat wonnerwonnerschéint Land Montenegro!

Dese Projet ass eng super Alternativ zu ville Vakanzen am Summer. E bitt sech un fir all déi, déi fir de „Mérite Jeunesse“ oder eppes ähnleches ee „projet résidentiel“ maache wëllen. A virun allem gëtt et onvergiesslech!

Du bass interesséiert?

Hei sinn d’Konditiounen vun der Rees:

- Du bass motivéiert a wëlls selwer mat um Projet bastelen.

- Du hues Loscht, aner Jugendlecher aus anere Länner kennenzeléieren. Déi gemeinsam Sprooch ass Englesch, sou gutt, wéi jiddfereen ebe kann. wink

- Mir treffen eis zwee- oder dräimol virdrunn am Lëtzebuerger Grupp, deen aus 12 Leit bestoë wärt. Dobäi bereede mer den Openthalt am Montenegro vir.

- De Präis wärt net héich sinn, wa mer vun „Erasmus+“ ënnerstëtzt ginn. Da bleiwen hëchstens 150€ fir déi ganz Rees ze bezuelen. Hei méi Infos zu "Erasmus+" op der Säit vum SNJ (Service National de la Jeunesse).

An elo bass De richteg interesséiert?

Fir méi Infos Dech beim Paul Galles op . Fir Dech unzemelden, klick w.e.g. hei an dann op "Book this event".

Merci!

P.S. D'Fotoë si vum Projet YOUropean 2014 zu Berlin (hei méi Impressiounen op Facebook) a vun der Remise vum "Prix de la durabilité" duerch de "Mérite Jeunesse".

IMG 6273 IMG 5622 IMG 5767 IMG 6281 IMG 6405 Prix dev durable 2014 - groupe

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos