Blog - Stay tuned

13-07-2015 | Bénévolat Solidaire

Brunch an der Eecher Klinik - no der Vakanz rappe mer rem un!

Et ass rem souwäit: no der Summervakanz gëtt erem de Brunch an der Eecher Klinik organiséiert!!

Wat genau ass dat?

Op der Palliativstatioun vun der Eecher Klinik liewe Mënschen, déi do hir läscht Etapp vum Liewe verbrëngen. Si ginn dobäi encadréiert vun enger immens léiwer Ekipp vun Dokter, Infirmièren a Bénévolen. Op der Statioun halen se vill op eng liewensfrou Atmosphär.

Dofir gouf Young Caritas virun e puer Joren invitéiert, all Mount eng Kéier ee Brunch fir d'Patienten an hir Familjen z'organiséieren. Dat war emmer ee super Projet, wou vill Jonker sech engagéiert hunn. Mir decken de Leit den Dësch, mir baken Paangercher oder Kichelcher, mir pootere mat de Leit, maache Musek oder organiséieren eppes Klenges. Dee Projet ass sou genial, dass en souguer vun der internationaler Press erausgesicht gi war. Hei ass den Artikel.

Du bass interesséiert? Da mell Dech un! Du muss näischt Besonnesches kënnen, mee wann's De z.B. een Instrument spills oder een Text virliese wëlls oder soss eng Idee hues, da so dem Paul op Bescheed.

Fir Dech unzemelden, klick einfach op een vun denen nexten 4 Datumer a schreif Dech an. Mir huele pro Brunch maximal 8 Leit mat, soss gëtt et zevill. Du kanns Dech och op d'Liste d'attente andoën, fir de Fall, wou ee net komme kann.

Déi next 4 Datumer sinn:

Samschdes, 3.Oktober, 10-14h

Samschdes, 7.November, 10-14h (virläschten Dag vun der Allerhellejevakanz)

Samschdes, 5.Dezember, 10-14h

Mëttwoch, 23.Dezember (viraussiichtlech, Chrëschtfeier, Zäite gi nach festgeluecht)

A wou ass et? An der Eecher Klinik (Clinique d'Eich) um 2.Stack op der Palliativstatioun ("soins palliatifs").

A wéi kënnt een dohinner? Entweder mam Bus aus der Stad (einfach op www.mobiliteit.lu "Eich, Klinik" als Ziil aginn) oder mam Zuch bis op Dommeldange (d'Gare ass op 50 Meter vun der Klinik).

 

DSC04042 DSC04062 DSC04067

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos