Et ass héich Zäit, dass mer als Young Caritas mol eng Kéier kräfteg an däitlech Merci soën, an zwar dem europäesche Programm Erasmus+ an dem Service National de la Jeunesse (SNJ), iwwert dee mer zu Lëtzebuerg Uschloss un Erasmus+ hunn! Infos iwwert de Programm fannt der iwwregens hei!
Scho säit Joren gi mer ëmmer erem immens staark ënnerstëtzt vun Erasmus+ fir eis europäesch Projeten. Europa baut fir eis net virun allem op Politik, Geographie, Geschicht, Wirtschaft oder Finanzen op, mee op Solidaritéit. Europa baut sech do op, wou Mënschen léieren sech ze verstoën an ze respektéieren. Solidaritéit weist sech besonnesch als Solidaritéit mat dene méi Schwaachen. Dofir hunn déi europäesch Projeten vu Young Caritas ëmmer dat Ziil, Mënschen a méi prekäre Situatiounen an de Mëttelpunkt ze stellen. Zesumme si mer staark fir déi, déi eleng net staark genuch sinn!
Emmer erëm huet Erasmus+ eis Projeten gutt fonnt, well de Message der europäescher Idee entsprëcht. Ob et eis berühmte Serie vu "YOUropean"-Projeten am Montenegro, an Däitschland an zu Lëtzebuerg ass, oder ob mer vun eisem europäesche Partenariat vu 6 Länner zougonschte vun de Flüchtlinge schwätze, oder ob et em eise ganz neien a geniale Projet "Social Interrrail 2015" geet - ëmmer erem krute mer vill Encouragement an eng beträchtlech Hëllef!
Eis Jugendlech wëssen dat ze schätzen, an d'Team vu Young Caritas seet Merci! A natirlech war ëmmer ee ganz treie Frënd mat op allen europäesche Weeër: "The Fändel"! :) Vill Spaass, fir ze checken, ween der alles op de Fotoën erkennt!!!