De 24. September as ërem den europäesche Young-Caritas-Dag. Zesummen mat eisen Kollegen vun Young Caritas an Europa lanceieren mer d'Aktioun #partofthepuzzle. Mir si nämlech all zesummen Deel vun engem grousse Puzzle, dee sech Mënschheet nennt an zu deem mer all gehéieren, inklusive all Flüchtlingen. Hei kann jiddereen drun deelhuelen an weisen, dass mir alleguerten zesummenliewen kënnen!
Schneid een oder e puer Puzzlestëcker aus a maacht eng Photo mat engem Frënd an setzt se an déi sozial Medien mam Hashtag #partofthepuzzle. Dir kënnt gären och nach ee perséinleche Message op d'Puzzlestëck oder bei de Post derbäisetzen.
Weider Detailler gëtt et op www.youngcaritas.eu, der neier Homepage vu "Young Caritas in Europe". Mir erwaarden de 24.September iwwert 10.000 Fotoën aus ganz Europa. Also sieft och dir #partofthepuzzle! Merci villmols!