Blog - Stay tuned

25-09-2015 | Bénévolat Solidaire

Living library am Lycée Ermesinde

Wat fir eng Erfahrung, wat fir een Interessi, wat fir eng Intensitéit!

De 24.September 2015, um europäesche Young-Caritas-Dag mat der Aktioun #partofthepuzzle, huet Young Caritas mam Neie Lycée zu Miersch déi éischt "living library" mat 4 Flüchtlingen organiséiert. No enger allgemenger Introductioun an d'Problematik an der Présentatioun vun dene 4 Persounen aus Syrien, Eritrea, Nigeria a Kamerun si Gruppe vun emmer 20-30 Schüler an eenzel Raim bei déi 4 Persounen gaangen, fir hiren Témoignage ze héieren.

Ziil vum Projet ass et, dene Leit hannert dem allgemenge Begrëff "Flüchtlingen" ee Gesiicht an eng Geschicht ze ginn. Et ass eis wichteg, dass mer all mierken, dass si Mënschen si genau wéi mir, déi wëlle glëcklech sinn, mat eise Freeden an Trauregkeete, Enttäuschungen an Hoffnungen.

D'Témoignagen vun dene 4 Männer hunn d'Schüler immens beréiert. Vill vun hinne wëllen sech elo nach méi bewosst fir d'Solidaritéit mat de Flüchtlingen asetzen. 

Merci fir dat immens grousst Interessi, a merci fir den Accueil an déi super Organisatioun!

Living library 1 Living library 2 Living library 5 Living library 6 Living library 7 Living library 8

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos