Blog - Stay tuned

21-09-2015 | Bénévolat Solidaire

Young Caritas in Europe

Wat geschitt, wa sech d'Leit vu Young Caritas aus Eisträich, der Schwäiz, dem Südtirol, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg treffen?? Richteg!! - Si grënden "Young Caritas in Europe"!

Dat ass een informellt Netzwierk vun all dene Young Caritas'ën, déi et bis elo an Europa gëtt, an et ass offen fir all déi, déi als Caritas scho mat Jonken schaffen a wou Jonker Verantwortung kréien. Dofir ass eppes unzehuelen: "Young Caritas in Europe" wärt wuessen!!

Dir dierft och stolz sinn op Young Caritas Lëtzebuerg: mir si säit Ufank un an deem Netzwierk derbäi a maache wéinst de Sproochen ee groussen Deel vun der Koordinatioun. An et mëcht eis Spaass!

Dir frot iech, wou der méi kënnt gewuer ginn? Op eiser neier gemeinsamer Homepage www.youngcaritas.eu (oder: www.youngcaritas.com), déi an dene nexte Méint ufänkt nach méi gefëllt ze ginn! A natirlech op Facebook, wann der hei klickt. Liked eis einfach - et lount sech! 

An dir frot iech, wat Young Caritas in Europe grad mëcht? Mir maache grad eis Sensibiliséierungsaktioun #partofthepuzzle a mir schaffen an alle Länner fir d'Flüchtlingen. Zu Lëtzebuerg war de Grupp vun de YOUsers mat de syresche Flüchtlingsfamiljen op Veianen a plangt elo weider Aktiounen. 

An elo wëllt Der Deel vu Young Caritas in Europe sinn an iech mat eis fir d'Flüchtlingen a fir aner Mënschen engagéieren? Mellt iech einfach . Dir sitt härzlëch wëllkomm!!

Fb YC in Europe HP YC in Europe 1

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos