De 9.September huet Young Caritas eppes ganz Impressionantes dierfen erliewen: 20 jonk Benevolen hunn 8 syresch Flüchtlingsfamiljen mat Kanner, Jugendlechen an Elteren op Veianen op een Ausfluch invitéiert. D’Ziil war, dass d’Leit sech ënnertënaner kenneléieren, eng flott Zäit erliewen, Spaass hunn an a Kontakt bleiwen.
Et war genial ze gesinn, wéi déi jonk Benevolen déi Begéijnung an de Grapp geholl hunn a mat de syresche Leit an d’Gespréich komm sinn! Et handelt sec hem Familjen, déi säit 5 Méint oder 3 Joër schon am Land sinn an déi schon a verschiddene Gemenge vum Land liewen. Mir wollten onbedingt, dass si lëtzebuerger Jugendlech kenneléieren, fir sech esou hei bei eis nach besser integréieren ze kënnen.
No e puer Kenneléierspiller an enger begeeschterter Visite duerch d’Veiner Schlass hu mer an der Jugendherberg zesumme giess a gesongen a sinn dono laanscht de Klooterpark bis erop bei den Télésiège getrëppelt. Wat fir eng Aventure, fir bis an den Dall ze kommen! :) Ennen a Veianen krute mer an der Auberge de l’Our eng Glace spendéiert, an um Rëckwee goufen d’Facebook-Kontakter azusgetosch, fir a Kontakt ze bleiwen.
Ee ganz flotte Reportage iwwert deen Dag fannt der hei beim RTL.
Nach weider Fotoë ginn et op eiser Facebook-Säit.
Déi Jugendlech, déi vun elo un matmaache wëllen, sollen sech melden. Merci villmols!