Blog - Stay tuned

03-05-2016 | Formations

4.-6. März 2016 Integratonsweekend

Formationsweekend vum Brevet C zesummen mat den Gamma-Scouten

Gamma-Scouten feat. Young Caritas


Young Caritas ass een Service vun der asbl Caritas Jeunes et Familles an mir bidden jonken Leit eng Plattforme mat villen Méiglechkeeten fir sech benevole ze betätegen. Sou kennt et och, dass mir eng ganz Rëtsch ënnerschiddlech Projeten offréieren. Jonker engagéieren sech bei eis souwuel an den Kolonien zu Lëtzebuerg wei och am Ausland, am Jugendtreff Moskito an der Stad op der Gare, beim Spillmobil wat uechtert ganz Land ënnerwee ass an natierlech och bei engem vun deenen sëllegen Projets Solidaires, wou mir si ënnerstëtzen selwer aus eegenen Iddien een konkreten Projet ze maachen.

Fir dass eis Benevole flott an ofwiesslungsräich Aktivitéiten plangen an duerchféieren kennen wëllen mir hinnen e gudden Start erméiglechen. Mir bidden mëttlerweil all Brevet vum Animateur ,vun A bis E, un. Do kréien si souwuel een Deel theoreteschen Know How mat op den Wee, wei och Méiglechkeet éischt Erfahrungen an villfältegen Beräicher ze sammelen.

Op villen vun eisen Kolonien an Aktivitéiten huelen och Kanner an Jugendlecher mat enger Beanträchtegung deel. Domadder eis Moniteuren hei e bëssen drop virbereet sinn, fënnt en Deel vun dëser Formatioun zesummen mam Grupp Pierre d’Aspelt “Gamma-Scouten“. Dëst ass fir eis jonk Moniteuren oft déi éischt Méiglechkeet wou si Erfahrungen an dësem Beräich sammelen an inklusiv schaffen. Och Beréierungsängscht ginn hei ofgebaut.

Mir verstinn ënnert Inclusioun, dass eis Aktivitéiten engersäits fir jiddereen oppen sinn (Mënschen mat enger Behënnerung, sozial benodeelegt Kanner, Flüchtlingen …) an anerersäits wëllen mir och ganz bewosst ënnerschiddlech Leit zesummenzeféieren. An dësen Situatiounen striewen mir een ureegenden Austausch un, wou een vun deem aneren leieren kann an et eng Beräicherung fir jiddereen duerstellt.

Am Grupp Pierre d’Aspelt - Gamma vun der LGS, matt Wëllefcher- an Avex, kennen Kanner an Jugendlecher mat engem staarken kierperlechen oder geeschtegen Handicap, Moos geschneidert Scoutsaktiviteiten erliewen. Eng flott Owesveillée, en Atelier fir eppes ze kniwwelen, grouss Spiller dobaussen, jo souguer zesummen am Zelt schlofen ... alles wei an all aner Scoutstrupp, just dass et eben op d´Fähegkeeten an besonnesch Besoinen vun dësen Kanner an Jugendlechen adaptéiert gëtt.

Um Formatiounsweekend vum Brevet C fir Animateur‘en vun Young Caritas geet et, no engem kuerzen theoreteschen Deel, wou mir op di verschidden Behënnerungen, Ursaachen an Auswierkungen aginn, weider mat prakteschen Beispiller. Ween weess wei een en Rollstull eng Trap rop hellt, Hëllefsmëttel wei Handschinn oder Korselett undeet an wei ginn Spiller adaptéieren, eng Aktivitéit ëmmodeléieren, en Atelier ugepasst?

Während deenen zwee Deeg koum dann och dat praktescht Ausprobéieren net ze kuerz. Am Virfeld sinn Besonnechkeeten vun den Gamma-Scouten souwéi di praktesch Detailer vum Oflaf nach tëschen den Gamma-Chefen an den Animateur‘en vun Young Caritas beschwat ginn. Dunn war et awer un hinnen fir sech auszeprobéieren an si hunn souwuel eng Owesveillée duerchgefouert wei och en grousst Mettesspill animéiert.

Matt e bëssen Uleedung ass et hinnen guer net esou schwéier gefall Spillideen unzepassen souwuel un di kierperlech wei och geeschteg Fäegkeeten vun den Gamma-Scouten. Sou grouss sinn d‘Ënnerscheeder fir Animatiounen fir en Grupp validen Kanner an Jugendlechen zu den Gamma-Scouten guer net. Ganz villes wat eis benevole Animateuren schonn geleiert haten an an aneren Aktivitéiten ausprobéiert hunn konnt hei och agesat ginn.

Säit elo schonn 3 Joer gëtt et des Zesummenaarbecht zwëscht den Gamma-Scouten an Young Caritas. Mir erliewen ëmmer rëm, dass eis Leit an der Formatioun iwwert sech erauswuessen. Si hunn ganz séier den Trick eraus, wei een flott an ugepassten Aktivitéiten kann fir Kanner an Jugendlecher mat Beanträchtegung plangen an duerchféieren. Och wann duerch di ageschränkten Mobilitéit oder eng geeschteg Behënnerung vun den Gamma-Scouten am Ufank villäicht e puer Hemmungen bestanen hunn, dann ginn des awer séier wett geneet duerch d´Freed an Motivatioun fir iwwerall matzemaachen vun den Kanner an Jugendlecher.

Wann een am Virfeld den Chalet souwéi den Terrain fir Spiller e bëssen geschéckt eraussicht, seng Scouten kennt mat allen hiren Eegenaarten dann ginn et keng Grenzen fir och hei flott an typesch Scouts-Aktivitéiten unzebidden.

Merci un all Gamma-Scouten; -Kanner, Jugendlecher an hier Chefen, dass eis Animateuren all Joer bei Iech esou gutt opgeholl ginn an hei wäertvoll Erfahrungen kennen maachen. Do verwonnert et jo och net, dass et ëmmer méi Leit ginn di sech esouwuel bei Young Caritas wei och bei de Gamma-Scouten engagéieren wëllen ?

Well „Zäit ze verschenken“ villerlee Gesiichter huet, kanns Du dech gären bei den Gamma-Scouten oder och Young Caritas mellen:

  • www.gamma-scouten.jimdo.com
    • Kontakt Wëllefcher: Marc Molitor - - Tel:691 817 027
    • Kontakt AvEx: Marie Degée - - Tel:26652499
  • www.youngcaritas.lu
    • Kontakt , 36 74 68 - 1


Zitater vun den Animateuren:
Amandine: „Besonnesch beréiert huet mech den Attachement vun den Kanner déi engem schonn no engem Weekend un Häerz wuessen”

Axel: „Beréiert huet mech d’Affektioun di Kanner fir verschidden Leit weisen“

Axel: „Bei den Aktivitéiten muss een méi präzis erklären, eventuell virweisen an och den Schwieregkeetsgrad upassen“

Amandine: „Et däerf een Beréierung net fäerten an muss een op d’Kanner zougoen“

Camy: „Sidd net schéi an fäert Proximitéit net“

Noémie: „Besonnesch beréiert huet mech, wie frou d’Kanner sinn an wéi vill Spaass si am Liewen hunn“

Gamma-scouten

Back to blog

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'accepte Plus d'infos