Vill Jonker wëllen de Mérite Jeunesse maachen a sichen dofir sozialt Bénévolat. Dobäi sinn d’Projete vu Young Caritas ganz beléift, well déi Jonk sech hei regelméisseg an „à courte durée“ engagéiere kënnen an dobäi ganz flott mënschlech Erfarungen sammelen, duerch déi se am Liewe viru kommen.
Zesumme mam Lycée technique vu Bouneweg huet Young Caritas elo ee Partenariat ofgeschloss, fir mat hire Schüler zesumme sozial Ideeën auszeschaffen, déi dann fir de Mérite Jeunesse zielen. Et geet drëms, dass déi Jonk wierklech do hëllefen, wou et néideg ass, z.B. andeems se fir Flüchtlingsfoyeren sammelen oder mat Flüchtlingen zesumme Veloë reparéiren.
Young Caritas freet sech iwwert all Zesummenaarbecht mat sou motivéierte Leit wéi aus dem LTB an aus dem Mérite Jeunesse. Dat hëlleft vill, fir eis Gesellschaft e bëssi méi mënschlech ze maachen.