Blog - Stay tuned

30-05-2018 | Spillmobil

Kniwwel Fangeren

An der Péngscht-Vakanz huet Young Caritas en grousst Event fir kleng Kanner organiséiert. Hei konnten Kanner am Alter vun annerhallef bis dräi Joer aus den Haiser vun der Caritas Jeunes et Familles vill Spill Statiounen entdecken. Deel geholl hunn 111 Kanner mat hier Éducateuren an-tricen.

Wéi den Titel „Kniwwel Fangeren“ verréit, louch dëst Joer den Schwéierpunkt um kënschtlereschen Gestalten. Sou ass z.B. Salz fierwen gemat ginn, mat Crème gouf op grouss Plastikscheiwen gemoolt, mat agefruerener Faarf gekritzelt an Raséier Schaum-Biller sinn entstanen.

Och en ganz groussen MERCI un all Benevol déi bei dëser Aktioun mat gehollef hunn. Duerch ären groussen Asaz an der Préparatioun, dem Montage, der Duerchféierung an dono och rëm dem Ofbau an dem Botzen ass et eng gelongen Aktivitéit ginn.

2018 Kniffelfangeren

Back to blog

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus