Net nëmme mir sinn ëmmer erëm immens dankbar iwwert déi super Aarbecht vun eise Bénévolen.
Ënnert eisem Beemche waart e klenge Cadeau vum Haus Vun Der Natur op eis Bénévolen, déi mam Spillmobil am September um Fest vun der Natur "Kockeldiko" dobäi waren.
Ee risege Merci un d'Organisatioun fir hier Wäertschätzung fir eis Aarbecht.
De gréisste Merci geet un all eis motivéiert an engagéiert Bénévolen, déi dat ganzt Joer esou aktiv waren. Dir sidd genial!