Formations

16.01.2026 - 11.04.2026


Brevet B (Aide-Animateur)

General information


from Friday 16 January 2026 to Saturday 11 April 2026

Age: From16 years

Price : 200 €


from Friday 16 January 2026 to Saturday 11 April 2026

Hei solls du:

* Op mannst 16 Joer hunn

* 3 Formatiounsweekender maachen

* 1 Formatiounswoch maachen (6 Deeg)

* 1 Kolonie maachen (8 Deeg)

16-18.01.2026 : Kolonie erliewen

Um éischte Weekend gëss du méi iwwert youngcaritas gewuer a kriss en  Iwwerbléck iwwert d ‘Koloniesliewen an d ‘Animateursflichten. De Programm ass wéi an enger richteger Kolonie. Dat geet vum Opstoen, iwwert d’Iessen, Spillen, Ateliere plangen, Theater spillen, bis bei d ‘Schlofegoen.

28.02-01.03.2026 : Spillen an animéieren

En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Mir weisen dir, wéi et geet.

14-15.03.2026 : Plooschteren a Bloderen

Eischt Hëllef ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer a kriss Tipps an Tricks, mat deenens du herno bei engem Noutfall richteg handele kanns.  Dëse Weekend ass e richtegen Éischt Hëllef Cours a geet och vu Formateure vum CGDIS gehalen. Dëse Weekend ass ouni Iwwernuechtung.

06-11.04.2026 : Formatiounswoch

Wärend der Formatiounswoch léiers du, wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehale? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppespiller an Aktivitéite fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert? A villes méi.