16.01.2026 - 11.04.2026
Brevet B (Aide-Animateur)
Allgemeng Informatiounen
vun Freideg 16 Januar 2026 bis Samschdeg 11 Abrëll 2026
Alter: vun16 Joer
Tarif : 200 €
vun Freideg 16 Januar 2026 bis Samschdeg 11 Abrëll 2026
Hei solls du:
* Op mannst 16 Joer hunn
* 3 Formatiounsweekender maachen
* 1 Formatiounswoch maachen (6 Deeg)
* 1 Kolonie maachen (8 Deeg)
16-18.01.2026 : Kolonie erliewen
Um éischte Weekend gëss du méi iwwert youngcaritas gewuer a kriss en Iwwerbléck iwwert d ‘Koloniesliewen an d ‘Animateursflichten. De Programm ass wéi an enger richteger Kolonie. Dat geet vum Opstoen, iwwert d’Iessen, Spillen, Ateliere plangen, Theater spillen, bis bei d ‘Schlofegoen.
28.02-01.03.2026 : Spillen an animéieren
En einfacht Spill an eng flott Aktivitéit ëmwandelen, dat ass net esou schwéier. Mir weisen dir, wéi et geet.
14-15.03.2026 : Plooschteren a Bloderen
Eischt Hëllef ass net nëmmen an der Kolonie wichteg. Hei léiers du déi néideg Grëffer a kriss Tipps an Tricks, mat deenens du herno bei engem Noutfall richteg handele kanns. Dëse Weekend ass e richtegen Éischt Hëllef Cours a geet och vu Formateure vum CGDIS gehalen. Dëse Weekend ass ouni Iwwernuechtung.
06-11.04.2026 : Formatiounswoch
Wärend der Formatiounswoch léiers du, wéi ee grouss Spiller preparéiert, organiséiert an duerchféiert. Wéi gëtt eng Owes-Animatioun ofgehale? Wourop muss een oppassen, wann ee Gruppespiller an Aktivitéite fir Kanner oder Jugendlecher organiséiert? A villes méi.