Solidactive

Solidaresch aktiv!

Solidactive steet kuerz fir „solidary active”!

All Jugendlechen a jonken Erwuessene ka sech bei eis solidaresch engagéieren - och du! Mir organiséieren Aktivitéiten a Projete fir benodeelegt Leit, fir den Austausch an eiser Gesellschaft, fir d’Ëmwelt an d’Natur an a villen anere Beräicher, déi dir wichteg sinn.

Solidactiv

International si mer och aktiv. Mam youngCaritas in Europe Netzwierk bidde mir all Joer europawäit Projeten un.

Partner

Wann Dir e Partner fir eng Kooperatioun oder Kollaboratioun a Form vun Aktivitéit, Projet oder Workshop sicht, da kuckt an der Rubrik „Partner” fir méi Infoen oder mellt Iech bei eis.

Kontakt: solidactive.youngcaritas@cjf.lu

Aschreiwung

Schreif dech fir eng Aktivitéit an!

Agenda kucken

Heefeg gestallt Froen


Kuck am Agenda, sich dir déi Aktivitéiten eraus, déi dech interesséieren a mell dech un!


De Solidactive erlaabt et dir, entweeder just ze begleeden an ze ënnerstëtzen oder kreativ ze ginn a souguer eng Aktivitéit ze organiséieren an ze leeden. Mell dech einfach bei eis fir méi Infoen.


Nee, du brauchs kee Brevet.


Jo, deng Praxisstonne kanns du jee no Aktivitéit och beim Solidactive maachen.


Mell dech op WhatsApp um 661 367 465 fir d’Newsletter vum Solidactive un.


Beim Solidactive ass d’Sprooch bei de meeschten Aktivitéiten egal.


Kooperatiounen a Kollaboratiounen a Form vun Aktivitéiten, Projeten a Workshops sinn eis immens wichteg. Kuckt an eiser Rubrik „Partner” fir méi Infoen oder mellt Iech bei eis.